Kommentar: Olympesch Wanterspiller zu Sotchi
Vill goung an de leschten Deeg riets vun den Olympesche Wanterspiller, déi am Februar an der südrussescher Stad Sotschi um Schwaarze Mier organiséiert ginn. An et goung bei den Diskussiounen emol guer net esou vill ëm d'Sécherheet no de rezenten Attentater vu Wolgograd. Vill méi gouf iwwert d'Opportunitéit vun engem Boykott vun de Spiller diskutéiert. Eng hypokritesch Diskussioun mengt de Jean-Claude Wolff haut an engem Kommentar:
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-01-03-jcw-COM-Olympiaboykott.mp3"]
De ganzen Text vum Kommentar:
ch wëll et hei virop soen, ech sinn e Mënschen deen duerchaus sensibel fir Mënscherechter an och fir Ëmweltschutz ass, trotzdem sinn ech awer kategoresch: Ech halen et mam IOC an och mam Lëtzebuerger Olympesche Kommittee, ech si géint e Boykott vun den Olympesche Wanterspiller zu Sotschi. Dat huet eng Rei Grënn. Virop deen, dass ech déi universell Haltung vun der Olympescher Bewegung gutt a richteg fannen, sech net fir politesch Manöveren, egal wellecher Aart aspanen ze loossen. Dass ee Sportler net däerf manipuléiere, fir politesch Messagen ze vehikuléieren, oder och, fir dat nët ze maachen. Politik an de Sport erabréngen, ass nämlech ëmmer eppes Subjektives. Wann ee wierklech d’Lat esou héich wéilt leeën, just nach Olympesch Spiller a politesch korrekte Länner ze organiséieren, da kéint deen déi Olympesch Spiller nämlech direkt ganz ofschafen.
D'Europäesch Politiker mengen elo, e Boykott vun de Spiller a Russland ze inspiréieren, fir domat hiren Desaccord mat der russescher Politik ze manifestéieren. Dat ass schonn eng Kéier 1980 bei de Summerspiller zu Moskau, matten am Kale Krich passéiert. De Lëtzebuerger COSL huet deemools dem politeschen Drock net noginn, just ee Lëtzebuerger Sportler, deen amgaang wor Offizéier an der Arméi ze ginn, huet verzicht, villäicht well en dat wéint senger berufflecher Karriär no geluecht krut hat.
1984 huet iwwregens de Kale Krich zréck geschloen. D’Sowjetunioun an hir Alliéiert hunn d'Spiller zu Los Angeles an den USA boykottéiert. Boykotter sinn eben ëmmer eppes Subjektives, an sou kéint een zum Beispill sportlech Manifestatiounen zu Lëtzebuerger boykottéiere well et e Steierparadies wier, Däitschland well et Sozialdumping mécht, d'USA wéint der NSA-Affaire, an esou weider an esou fort.
Kredibel maachen sech déi europäesch an och déi Lëtzebuerger Politiker net, wann se soen, se géingen net op Sotschi goen. Ass et logesch, dass de Sportminister Romain Schneider de Russen déi kal Schëller weist, de Wirtschaftsminister Etienne Schneider awer mat oppenen Äerm géing bei Oligarche lafen, wann se en op eng Wirtschaftsmissioun a Russland géingen invitéieren.
Op elo e Romain Schneider, e Viviane Reding, oder soss politesch Koriphäen op Sotschi fueren oder nët, ass am Fong och net esou wichteg. Fir e jonke Sportler wéi de Kari Peters, deen sech zanter Joere kristillegt fir zum Spëtzesportler ze ginn, ass Sotschi en Héichpunkt vu senger Karriär. An d'Belounung vun engem Olympiastart zu Sotschi huet e voll verdéngt.