Kommentar: Ofschloss Bommeleeërprozess
Zanter gëscht ass de Bommeleeërprozess an eng nei Phase gaang. De Parquet huet gefrot, dass de fréiere BMG-Member Marcel Weydert an och de fréieren Direkter vun der Police Judiciaire Armand Schockweiler sollen ugeklot ginn. Domat géing de Krees vun den Ugeklote méi grouss gemaacht ginn, en Ofschloss vum Prozess réckelt domat awer nach méi wäit ewech, wéi bis elo. E Kommentar vum Jean-Claude Wolff:
Den Text vum Kommentar:
Den entretemps berühmte Saz vum Procureur Général Robert Biever “Et wor net keen” huet mat den Evenementer vu gëschter Mëtteg net u senger Aktualitéit verluer. Et wor vun Ufank u gewosst, dass et, entgéint dem jorelaange Sproochgebrauch net een, mee méi Bommeleeër musse gewiescht sinn, déi Mëtt den 80er Joere méi wéi 20 Attentater zu Lëtzebuerg gemaacht hunn. Dass elo d’Uklobänk soll méi breet gemaacht sinn, ass deemno keng Iwwerraschung, och net vun der Prozedur hir.
Dass dat elo eréischt, no 120 Prozessdeeg passéiert ass och net de Feeler vun den Enquêteuren, déi den Dossier zanter dem Joer 2000 ficeléiert hunn. Villes wat sech elo erauskristalliséiert, wor sech och schonn am Virfeld ze denken, et gouf just keng Upak fir dorausser eng Uklo ze maachen. Eréischt d'Verhalen an och d’ Aussoe vun den diversen Zeien, hunn déi Upake geliwwert. Dat kann dann och d'Taktik vun der Uklo gewiescht sinn. Do unzesetzen, wou Schwaachpunkten an der sougenannter Chape de Plomb kéinte sinn.
Marc Scheer a Jos Wilmes hunn sech mat hire villäicht liichtfankegen, mee dofir net manner verdächtegen Aussoe bei der Untersuchungsriichterin a bei den Enquêteuren op d’Uklobänk bruecht. A wann de Marcel Weydert oder den Armand Schockweiler so sollte landen, dann ass et och wéint hire schrëftlechen a mëndlechen Ausrutscher viru Geriicht. Sou wéi se sech beholl hunn, ka keen sech behuelen, deen awer och guer näischt mat der Affär soll ze dinn hunn, dat ass entretemps och dem leschte Prozessbeobachter kloer ginn. Nëmme mat plausibelen Erklärunge kënnen sech Marcel Weydert an Armand Schockweiler nach aus der Schosslinn manövréiere, wann se da wierklech näischt mat der Saach ze dinn hunn – oder mat Erklärungen, wat, a firwat si eppes mat den Attentater ze dinn hunn.
Dem Marcel Weydert säi Verhalen ass an de leschte Woche méi wéi irrational gewiescht. Hätt de Mann sech net mordicus wëllen op där ominéiser Foto erëm erkennen, kéint hien sech elo schonn an aller Rou op seng imminent Pensioun preparéiert, an net elo op e Prozess, deen nach jorelaang kann daueren, an deem säin Ausgang fir de Marcel Weydert méi wéi ongewëss ass. Dass de Marcel Weydert gemengt huet, misse bei de Kasematte gewiescht ze sinn, an do och nach, sarkastesch wéi hie mengt, zweedäiteg Bemierkungen un de Marc Scheer schreift léisst ee séier zur Konklusioun kommen, dass souwuel Marcel Weydert, wéi och Marc Scheer a Jos Wilmes net nëmmen nom Attentat, mee och scho virdru bei de Kasematte woren. An der méiglecherweis dräi vun dee véier potentiellen Attentäter woren, déi belsch Zeie gesinn hunn.
Fir déi aktuell zwee Ugeklote fréier BMG-Membere Marc Scheer a Jos Wilmes, ass déi potentiell Mat-Uklo vu Weydert a Schockweiler also alles anescht wéi eng Entlaaschtung, dat läit op der Hand an erkläert och dass der Défense vun den zwee aktuellen Ugeklote gëscht net vill Kommentaren ze entlackele woren. De Marcel Weydert huet nämlech net nëmmen sech, mee och déi ganz BMG mat Scheer, Wilmes, Steil, an anere verdächteg gemaacht, an domat d'Hypothees vun den Enquêteuren ënnermauert, dass de Schlëssel vun der Affaire an der Brigade Mobile ze sichen ass.