Kommentar : "Nom Depart vun engem Cargolux-Direktiounsmember kann et net esou weider goen"

Déi geplangten Transaktioun mam neie Cargolux-Co-Aktionär HNCA huet en éischt Affer gefuerdert: mam Robert Van de Weg huet ee vun de véier Membere vun der Generaldirektioun d’Handduch geheit. De laangjäregen Direkter fir de kommerzielle Volet, hätt Divergenze mam Verwaltungsrot iwwer d’strategesch Ausriichtung vun der lëtzebuerger Cargo-Airline, huet et gëschter Owend an engem Cargolux-Communiqué geheescht. Déi Responsabel fir deen Depart sinn net a China ze siche, mä zu Lëtzebuerg. E Kommentar vum Jean-Claude Franck:

De Robert Van de Weg gëtt an der Cargolux vu villen als engagéiert duergestallt. En ass beléift beim Personal, dat huet een zum Beispill op Facebook gemierkt, wéi an der Fro vun der Sich no engem neie Generaldirekter vill Mataarbechter gemengt haten, den Hollänner wier de richtege Mann dofir. De Robert Van de Weg gëtt och als dee beschriwwen, deen de flexibelen an attraktive Modell vun der Cargolux staark influenzéiert huet: den Donnéeë vun der Internationaler Fluchtransport-Associatioun no, sinn déi 20 lëtzebuerger Fligeren am Schnëtt méi Stonnen an der Lut wéi déi vu wichtege Konkurrenten, a wann et dorëms geet, sech séier neie Maartsituatiounen unzepassen, ass d’Cargolux dacks vir bäi. Donieft awer ass de Robert Van de Weg och mam fréiere CEO Uli Ogiermann an den USA an de Prisong gaang, wéinst illegale Präisofsprochen tëscht internationalen Airlines, déi net nëmmen deenen zwee, mä och anere bekannt waren. Déi selwecht zwee Ex-Cargolux-Direktiounsmembere hunn och misse mat erliewe, wéi eenzel Srel-Agenten an anere Persoune sech d’Cargolux ënnert den Nol rappe wollten.

Een Direktiounsmember huet eigentlech dës Woch näischt anescht gemaach, wéi fir sech ze soen: “Et geet es elo duer”. Dobäi hat den neien Infrastrukturminister nach rezent gemengt, déi nei Regierung hätt d’Kommunikatioun mam Management verbessert, an et géif dann och esou ausgesi, wéi wa jidderee géif u Bord bleiwen. Mat där Aschätzung louch de Minister donieft, sou wéi der vill zu Lëtzebuerg an de leschte Joeren net dat richtegt Gespier fir d’Cargolux haten. De President vum Verwaltungsrot zum Beispill, deen no nëmme puer Méint an der Airline scho gemengt huet, hie géif den Aviatiounssecteur besser kenne wéi de Management, an deen dofir och méiglech Departen a Kaf geholl huet, amplaz d’Direktioun mat an ze bannen. Oder och déi fréier Regierung, déi zu de Leit vun der Cargolux iwwerhaapt kee Vertrauen hat, an déi d'Sich no engem neien Aktionär dofir léiwer engem eenzege Beamten an e puer externe Beroder iwwerlooss huet. An déi, vergiesse mer et net, zougelooss huet, datt d’Cargolux während annerhallwem Joer iwwerhaapt keng richteg Féierung hat, mä nëmmen en Interim-CEO, deen isoléiert ass. An déi nei Regierung huet dat, wat um Dësch louch, einfach iwwerholl an acceptéiert – vläit och well se an der dommer Situatioun war, datt d’Regierung vu virdru kee Plang B preparéiert hat. Eenzelner am Verwaltungsrot hu sech zwar ganz kritesch gewisen, mä hunn trotzdem um Enn esou gestëmmt, wéi d’Regierung et vir ginn huet.

Nom Depart vun engem Direktiounsmember kann et also net esou weider goen. Et muss ee fir alle mol dofir gesuergt ginn, datt d’Zukunft vun der Cargolux professionell a kohärent geréiert gëtt, an dofir brauch een déi néideg Kompetenzen. D’Cargolux brauch en neie Verwaltungsrot, se brauch e staarke Generaldirekter, a se brauch eng Regierung, déi economesch handelt, an net politesch. Well wann HNCA d’Cargolux an e puer Joer nees verléisst, wat alles gutt méiglech ass, dann dierf dee ganze Chaos net nees vu vir u goe, well soss ass d’Airline geschwënn net méi do.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen