Kommentar iwwert d'geplangten TVA-Hausse

An der Ried zur Lag vun der Natioun an dräi Woche wëll d’Regierung annoncéiere wéini d’TVA gehéicht gëtt. Wéi mer dat d’lescht Woch gemellt haten, denkt d’Regierung driwwer no d’TVA schonn am Juli unzehiewen. Aneren Szenario ass den 1. Januar. An engem Kommentar mengt de Jean-Claude Franck, datt d’Regierung an hiren Iwwerleeungen déi politesch Consideratiounen an den Hannergrond stelle sollt

 

De ganzen Text fir ze liesen:

Wéi vill TVA-Recetten d’nächst Joer verluer gi well am E-Commerce nei EU-Regele gëllen, ass nach net gewosst: et kënne 600 Millioune sinn oder 1,1 Milliard. Dat rappt natierlech e Lach an de Staatsbudget: et muss awer och mol gesot ginn, datt déi staatlech Experten trotz deem Verloscht fir 2015 e Staatsdefizit viraus gesot hu vu ronn 2 Prozent : an déi Previsiounen datéiere vum November, also zu enger Zäit, wéi d’Wirtschaftsdonnéeën manner gutt ware wéi haut. Lëtzebuerg géif souguer wa guer näischt ënnerholl gëtt, den europäesche Critère vu maximal 3 Prozent Defizit erfëllen.

Dobäi kënnt, datt d’Regierung sech souwisou virgeholl huet de Staatsbudget vum nächste Joer komplett z’iwwerschaffen a kräfteg no Spuerpotential ze sichen. D’Steierreform, mat där e gewëssenen Equiliber ka retabléiert ginn, schéngt manner prioritär : si ass fir 2016 annoncéiert, wat awer och Sënn mécht well eng richteg Steierreform déi méi wäit geet wéi just en Abattement ze sträiche brauch Zäit. An d’TVA-Hausse vun zwee Prozent? Déi soll méiglecherweis scho fir Juli sinn.

Besonnesch kohärent ass dat net: mat der TVA gëtt eng Mesure eraus gepickt, déi direkt komme soll, ouni datt gewosst ass wat nach alles u Spuer- a Steiermesuren no kënnt, ouni datt genee gewosst ass, wéi vill Sue wierklech vum nächste Joer un an der Staatskeess feelen an ouni datt genee gewosst ass, wéi en Impakt eng TVA-Hausse op de Konsum an op d’Verhale vun auslännesche Betriber kritt. Et ass nämlech net sécher, datt dat bis elo mat an d’Previsiounen agerechent gouf.

D’Gefor ass déi, datt Lëtzebuerg ze séier en Avantage op d’Spill setzt fir d’Staatsrecette séier an d’Lut ze schrauwen. Dobäi ass grad eng TVA awer eppes wat ee net no engem Joer nees erof setzt, wann een bis mierkt, datt se vläit net hätt sollen an deem Moss gehéicht ginn. Et ass net eppes wéi eng Krise-Steier, déi ee just asetzt wann et néideg ass, mä et ass eng strukturell Hausse an engem internationalen Ëmfeld mat där een net liichtfankeg ëmgoe sollt.

Wa sech da sollt eraus stellen, datt d’Regierung déi séier TVA-Hausse just wëll, well se domat op politeschem Plang keng Diskussioun iwwert den Index féiere muss, da géif déi blo-rout-gréng Koalitioun net hirem Usproch gerecht ginn d’Politik als e Ganzt ze gesinn. Et ass wuel richteg, datt dëst Joer nach d’Index-Modulatioun vun der Regierung vu virdru gëllt, an datt bei enger séierer TVA-Hausse en Deel vun der Indextranche géif verluer goen. Mä dat dierf awer op kee Fall en Haaptargument si, fir mol séier d’TVA an d’Lut ze setzen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen