Kommentar iwwert den CSV-Nationalkongress

"Zesumme no vir kucken". Dat war de Motto um CSV-Nationalkongress.

No de Walen vum Nationalkomitee geet et elo drëms d’CSV intern op d’Oppositiounsaarbecht virzebereeden, esou den neien CSV-President Marc Spautz.

Eng richteg Opbrochs-Stëmmung gouf et e Samschdeg um National-Kongress vun der CSV net, esou de Gil Goebbels an engem Kommentar:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/csv-gg.mp3"]

 

De ganzen Text:

Et sollt de National-Kongress vun der Erneierung sinn. Um Schluss waren et awer déi al bekannte Käpp déi den Toun uginn hunn an dat nom Motto « um Wee zeréck an d’Zukunft ».

D’Äntwert déi de Chef vun der Oppositioun de reform-bereeden CSV-Memberen ginn huet war déi heiten : “Mir kënnen eise Profil elo schäerfen, dofir brauch een kee programmateschen Nei-Opbau vun der Partei ze maachen. Déi Moderniséierung déi amgaangen war muss viru goen.” Ergo gëtt et och kee Grond fir eng Personal-Erneierung an der CSV. Kontinuitéit ass ugesot.

An esou koum et dann och... d’Kandidaten fir de Posten vum Generalsekretär, déi de “Renouveau” vun der Partei wollten verkierperen, sinn eidel ausgaang. Si goufen mat enger Resolutioun mat vill gudde Virsätz getréischt, an där zum Beispill steet d’Partei-Féierung soll mat der CSJ iwwert hier Fuerderungen “diskutéieren”.

D’Enttäuschung muss also grouss gewiescht sinn bei all deenen déi gehofft haten d’Partei-Spëtzt géif virun allem och sech a Fro stellen a villäicht och d’Responsabilitéit fir déi aktuell Situatioun iwwerhuelen.

A senger Ried huet de Jean-Claude Juncker allerdéngs een an Tëscht bekannte Refrain widderholl, dass d’CSV an d’Oppositioun gedrängt gouf an dat obwuel se 34 Prozent vun de Stëmmen krut. An dass dat eemoleg an der Geschicht vu Lëtzebuerg wär.

Am Raum stoen bleift d’Remarque déi de Serge Hoffmann, Kandidat fir den General-Sekrétärs-Posten, a senger Ried gemaach huet : “D’CSV ass déi stäerksten Partei an awer sinn mer an der Oppositioun. Also muss eppes schif gelaf sinn.”

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen