Kommentar iwwer d'Diskussioun iwwert de beschte Site fir e Stadion

"D’Diskussioun iwwert de beschte Site fir en neie Fussballstadion gëtt ëmmer méi lächerlech". E Kommentar vum Jean-Claude Franck

Lëtzebuerg wier net Lëtzebuerg, wann et sech net ëmmer nees géif mat de selwechten Dommheeten ophalen. Déi ganz lescht Legislaturperiod a schonn do virdru war de Bau vun engem neie Fussballstadion en Thema : et gouf behaapt, eng Dose Site wieren aus landesplanerescher Vue analyséiert ginn, a Léiweng wier dee Beschte gewiescht ; du war Léiweng op eemol zu Recht vum Dësch, wann och net aus landesplanerescher Vue, mä wéinst dem Promoteur, deen dohannert stoung ; an du war ee sech endlech eens, fir e ”retour à la case de départ” : den aktuelle Stadion op der Areler Strooss sollt renovéiert ginn. An de Koalitiounsverhandlunge war dat eisen Informatiounen no net ëmstridden ; de 5 Jores-Plang fir d’Sportinfrastrukturen ass am Koalitiounsaccord verankert, an ass och virun 10 Deeg an der Chamber gestëmmt ginn: mir schwätze vun engem Gesetz wuel verstan.

Lo misst ee jo dovun ausgoen, datt no sou laangen Diskussiounen a Preparativen alles gekläert wier. Mä nee: nëmmen e puer Deeg nom Vote an der Chamber, stellt de Stater Schäfferot d’Renovatioun vum Stadion op der Areler Strooss nees a Fro. Déi liberal Buergermeeschtesch huet d’Gesetz an der Chamber mat gestëmmt, hätt also spéitstens do kënnen e Veto aleeën. Ass net geschitt, also sollt de Vote elo respektéiert an ëmgesat ginn. Mä nee: lo geet och déi sozialistesch Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun hin, a seet: “wa sech soll erausschielen, datt de Site Josy Barthel de Critèrë Sécherheet a Parkplazen net ka gerecht ginn, da steet an Aussiicht, datt een anere Site muss gesicht ginn”. Net nëmmen huet d’Stater DP also NOM Vote vun engem Gesetz nees erausfonnt, datt se den Terrain op der Areler Strooss léiwer wéilt fir héich Zommen u Promoteure verkafen, nee, d’LSAP stellt sech NOM Vote och nach d’Fro, ob d’Areler Strooss och de Sécherheets-a Mobilitéitscritèren entsprécht.

Dat ass alles anescht wéi kohärent. Dobäi wollt déi nei Regierung eigentlech Politik aus engem Goss...

De Kommentar fir no ze lauschteren:
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-01-31-jcf-COM-PB12-Diskussioun-Stadion-Areler-Strooss.mp3"][/audio]

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen