Kommentar iwwer d'Décisioun fir e Referendum iwwer d'Auslännerwahlrecht

De konsultative Verfassungs-Referendum soll am Mee-Juni d’nächst Joer organiséiert ginn. Em hier Meenung ginn d’Birger zu de 4 Sujete gefrot, déi am Regierungsprogramm festgehal goufen. No der Chamber-Institutiouns-Kommissioun hu séch d'Majoritéits-Vertrieder gëschter kloer hannert de Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht gestallt. Anescht wéi de grénge Justizminister Felix Braz maachen d'Majoritéitsfraktiounen d'Froestellung deemno net vun engem Konsens mat der Oppositioun ofhängeg. D’CSV ass weiderhin géint e Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht.

An engem Kommentar am Moies-Panorama vum 5. Juni huet d’Pia Oppel d’Decisioun vun der Majoritéit begréisst

"Dat engersäits well et e positiivt Zeeche fir eis Demokratie ass, datt d’Deputéiert vun DP, LSAP an déi Gréng sech iwwert d’Zweiwel, déi an de leschte Wochen an der Regierung opkomm waren, ewech gesat hunn. Begréissenswäert ass dann natierlech och, datt d’Majoritéit sech un hire Koalitiounsaccord hält. An der Euphorie vum Neiufank grouss Versprieche maachen, geet eben net duer. An och wat de Referendum selwer ugeet, kann ee Blo-Rout-Gréng nëmme felicitéieren, datt se de Courage hunn, d’Fro vum Auslännerwahlrecht ze stelle – wann d’Debatt da serieux gefouert gëtt. Do ass elo un éischter Plaz d’Majoritéit selwer an der Pflicht fir kloer ze stelle wéi d’Fro an hiren Ae soll formuléiert ginn, d.h. ënner wéi enge Konditiounen d’Wahlrecht fir Net-Lëtzebuerger soll gëllen, a wéi eng juristesch Implikatiounen dat hätt. Réischt da kann eng sachlech Debatt iwwerhaapt ufänken.

E Bléck an d’Wahlprogrammer fir d’Chamberwahlen 2013 weist, datt d’Koalitionären hei ënnerschiddlech Ausgangspositiounen hunn: D’LSAP fuerdert an hirem Programm eng “progressiv Ouverture vum aktiven Wahlrecht, fir Net-Lëtzebuerger, déi scho bei de Gemengen- an Europawahle matgemaach hunn”. Déi Gréng hätten dem Wahlprogramm no gär, datt dat allgemengt aktiivt Wahlrecht agefouert gëtt, fir Net-Lëtzebuerger, déi op d'mannst 5 Joer am Grand-Duché liewen. D’DP fuerdert an hirem Programm just eng Debatt iwwert dat aktiivt an dat passiivt Wahlrecht fir d’Auslänner – ouni eng Positioun ze bezéien.

D’Regierung huet dann d’Pflicht eng kontrovers Debatt – onofhängeg vun der eegener Positioun – ze erméiglechen. Effort a Käschten dierfen dobäi net gespuert ginn. Gläichzäiteg muss d’Majoritéit – och d’Regierung – eng fair an engagéiert Campagne fir hier Iwwerzeegunge féieren. Aus Angscht virun engem negativen Ausgang vum Vote dierfen DP, LSAP an déi Gréng sech net hannert enger falscher Neutralitéit verstoppen.

An och d’CSV muss sech als gréissten Oppositiounspartei hirer Responsabilitéit bewosst sinn: viru Populiste warnen a selwer Stëmmung géint d’Wahlrecht vu bal der Halschent vun der Populatioun ze maachen, steet enger Vollekspartei net onbedéngt gutt zu Gesiicht."

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen