Kommentar : "Gewerkschaften hu Regierung an d'Knéie gezwongen"

"Datt d’Regierung an d’Gewerkschafte sech iwwert Ännerungen um Spuer- a Steierpak eens gi sinn, ass eng gutt Saach. Mat der Hëllef vun der Ëffentlechkeet, déi sech via Ëmfroe bemierkbar gemaach huet, hunn d’Gewerkschaften et fäerdeg bruecht, déi blo-rout-gréng Koalitioun an d’Knéien ze zwéngen", esou de de Jean-Claude Franck an engem Kommentar am Moies-Panorama vum 1. Dezember

  Den Text fir nozeliesen :

De verännerte Spuer- a Steierpak ass nach keng Meeschterleeschtung : et feele gréng Mesuren, déi de Prinzip vum Pollueur/Payeur applizéieren; et feelen och nach ëmmer Mesure, fir d’Laaschte méi gläichméisseg ze verdeelen; bei der annoncéierter Reform vum Kannergeld konnt bis haut net bewise ginn, datt Famille mat méi Kanner doduerch net méi an d’Laberente kommen. Mä ëmmerhin ginn et Verbesserungen : d’Ëffentlechkeet, d’Gewerkschaften awer och déi kritesch Avise vun ënnert anerem dem Staatsrot hunn eppes bewierkt.

Datt dat esou kuerz virum Vote vum Staatsbudget geschitt, ass erstaunlech. Et léiert d’Regierung, datt se besser gehat hätt am Virfeld mat de Sozialpartner ze diskutéieren an datt se hir Mesure besser hätt solle virbereeden. Et ass a priori eng Blamage, wann ee schonn e gudde Mount nom Depot vum wichtegste Gesetz vum Joer Waasser a säi Wäi schëdde muss. Op der anerer Säit éiert et d’Regierung, datt se dozou Bereet ass. Léiwer spéit nogi wéi weider wëlle mam Kapp duerch d’Mauer ze goen...

Déi gréisst Verännerung am Spuer- a Steierpak ass mat Sécherheet de Réckzéier bei der sougenannter “Contributioun vun 0,5 Prozent fir d’Kannerbetreiung”. Déi vill Wuertspillereie hunn domat elo en Enn: wat nämlech elo fir 2015 an 2016 kënnt, ass näischt anescht wéi de Retour vun der Krisesteier. An der Staatskeess gi Recette wéinst dem E-Commerce verluer: déi nei Steier probéiert en Deel dovun opzefänken. Dat verstinn d’Leit. D’Regierung hätt et vun Ufank u sollen esou argumentéieren, amplaz et rhetoresch ëmmer nees mat der Kannerbetreiung a Relatioun ze bréngen.

Positiv ass och, datt Leit mam Mindestloun déi nei Steier net bezuele mussen. Doduerch bréngt se manner an d’Staatskeess, dat ass kloer. Mä wa se soll vill era bréngen, hätt d’Regierung nach besser gehat, se hätt d’Steier e bësse méi héich ugesat an de Mindestloun direkt ganz immuniséiert, wéi se bei 0,5 Prozent unzesetzen, dofir de Mindestloun awer just zu engem Véirel z’immuniséieren.

Datt déi nei Steier just gëllt bis zur grousser Steierreform, ass och eng gutt Saach. Well mat esou enger Reform kann nees Kohärenz a sozial Gerechtegkeet an de lëtzebuerger Steiersystem kommen. Wann dat richteg gemaach gëtt, ass dono keng zousätzlech Steier vun 0,5 Prozent méi néideg.

Aner Ännerungen aus dem Accord mat de Gewerkschafte si méi schwaach : de Congé Parental wollt d’Regierung souwisou méi attraktiv a flexibel maachen an de Mindestloun gëtt net méi, awer och net manner gehéicht wéi déi normal Mechanismen dat virgesinn hätten.

Mä egal wéi muss elo op de Mini-Fortschrëtt am Sozialdialog opgebaut ginn – woubäi d’Patronatsvertrieder net dierfe vergiess ginn. Et schéngt zwar, wéi wann op d’mannst en Deel vun hinne bei dëser Regierung net onbedéngt op e grousse Verhandlungsdësch musse fir zu hirem ze kommen – mä vläit grad dofir ass et besser, et gëtt mat oppene Kaarten a grousse Ronnen zu dräi diskutéiert a verhandelt. A wann et dann net zu Accorde kënnt, kann d’Regierung um Enn nach ëmmer tranchéieren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen