Kommentar: "Net ze fréi fir eng Debatt iwwer ganz Verfassunsgreform"

No laange Verhandlungen huet déi zoustänneg Chamberkommissioun e coordinéierten Text iwwer hir Propose fir eng Verfassungsännerung virgestallt. En Text deen zënter e Samschdeg all Bierger um Internetsite vun der Chamber ka noliesen. A sengem Commentaire geet de Gil Goebbels op e puer vun de geplangte Changementer an:

 

Fundamental ännert sech Net vill um Fonctionnement vun den Institutiounen, wann déi proposéiert Constitutioun a Kraaft trëtt. Eng richteg Ännerung ass eigentlech just beim "Pouvoir judiciaire" virgesinn, wou e "Conseil national de la justice" agefouert gëtt, deen dem Grand-Duc d’Nominatioun vun de Magistrate proposéiert. Mee virun allem gëtt d’"Cour constitutionnelle" ersat duerch eng "Cour suprême". Dës soll an Zukunft net nëmmen d’Conformitéit vun de Gesetzer zu der Verfassung kontrolléieren, mee och hir Conformitéit zu internationalen Traitéen.

De Grand-Duc, dee Staatschef an der geplangter Verfassung heescht, deelt weider den exekutive Pouvoir mat der Regierung. Hien verléiert awer u Prerogativen. Virun allem d’Recht fir d’Chamber opzeléise gëtt him ewech geholl. Et ass d’Chamber selwer déi decidéiert der Regierung d’Vertrauen net auszeschwätzen an domat antizipéiert Wahle provozéiert. Nom chaotesche Précédent vum Summer 2013 gëtt deemno fir Kloerheet gesuergt.

Méi kloer gëtt och déi penal Responsabilitéit vun de Ministere geregelt. An Zukunft ass et alleng dem Parquet iwwerlooss e Minister unzekloen, dat och nach no sengem Mandat. Per Gesetz soll definéiert gi viru wéi engem Geriicht dem Minister de Prozess gemaach gëtt. D’Chamber intervenéiert just nach bei der Festnahm vum Minister.

Eng weider wichteg Ännerung betrëfft déi sougenannten "matières réservées à la loi". Et geet hei ëm verschidde wichteg Beräicher, wéi d’Steieren oder d’Educatioun, fir déi d’Gesetzer den Ament mussen d’Finalitéit, d’Konditiounen an d’Modalitéite bestëmmen, deenen no de Grand-Duc ka Reglementer fir hier Exekutioun huelen. Dem neien Text no brauch d’Gesetz d’Modalitéiten net méi ze bestëmmen. D’Finalitéit an d’Konditioune ginn duer. Domat schwächt d’Chamber hire legislative Pouvoir zu Gonschte vun der Regierung.

Wéi dës kuerz a bei wäitem net exhaustiv Opzielung weist, ass d’Matière technesch an d’Diskussiounen do ronderëm mat de Bierger kéinten sech als zimlech steril erweisen. Et ass deemno richteg schonn am Kontext vum consultative Referendum iwwer de ganzen Text vun der neier Verfassung z'informéieren. Bis den definitive Referendum sinn et zwar nach zwee Joer, mee et ass sécher net ze fréi fir mat der Diskussioun unzefänken. Ëmmerhin hunn d’Deputéiert gutt sechs Joer iwwer den aktuellen Text beroden.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen