Kommentar: "als Liberalen huet ee gutt schwätzen"
Trotz hire Kritiken un der Regierung dierften d’Patronatsvertrieder sech net allze vill Gedanke wäerte musse maachen: d’Betriber kënne weiderhi mat enger betriebs-frëndlecher Politik rechnen, mengt de Michel Delage an engem Commentaire:
Ganz um Enn vun der RTL-Radio-Emissioun Background de leschte Weekend, no den obligatoresche Froen iwwert säi Privatliewen a seng Hochzäitspläng, hat de Premierminister sech un d’RTL-Nolauschterer adresséiert. De Xavier Bettel hat hinnen, Zitat: “virun allem eng gutt Gesondheet” gewënscht, well de Rescht, dee kéint ee jo kafen oder fannen. Ganz richteg ass dat net. Och d’Gesondheet kann een, respektiv muss een, sech ënner Ëmstänn kafen: e gesonden, also präventive Liewensstil, ka scho mol méi deier ginn. A wann ee net méi dolaanscht kënnt, si fir di richteg Traitementer och scho mol puer Su méi fälleg. De Rescht kann een sech effektiv dann och kafen. Dat heescht, wann een et sech ka leeschten. Als Liberalen huet een do gutt schwätzen.
Mee wat ass eigentlech e Liberalen? Lénks orientéiert, sou wéi den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen dem Premier dat opgrond vun deem senge gesellschaftspolitesche Vuen ënnerstallt huet? Liberal sinn ass net Egoist sinn oder egoistesch denken, sot de Xavier Bettel. “Eng liberal Partei ass do, fir dass jidderee sech bewosst ass, dass en eng Responsabilitéit huet, dass en déi Responsabilitéit selwer muss an de Grëff huelen”, huet hie präziséiert. D’Kollege Schneider a Braz géifen dat iwwregens och esou gesinn. Den RTL-Journalist huet de Regierungschef dann iwwert den Aarmutsrisiko hei am Land befrot, dee no Sozialtransfere bei 16 Prozent géif leien, a mat de sozialen Ongläichheeten, déi an d’Luucht géife goen. Wéi dat méiglech ass trotz der Praxis vun de Steierrulinge fir grouss Konzerner an der Nischepolitik allgemeng, vun deene wéi et schéngt jo jidderee soll profitéiert hunn, domadder gouf de liberale Premier glécklecherweis net belästegt. De Xavier Bettel huet dunn just eppes Vagues iwwer bezuelbar Wunnenge misste soen an och iwwert den RMG, dee fir Monoparentale schlëmm wier. A wéi engem Sënn schlëmm, ze niddreg oder ze héich, huet hie net bräichten z’erklären.
Zum selwechte Moment da sot de Partei- a Regierungskolleg, de Finanzminister Pierre Gramegna hei um 100,7, datt eng Ierfschaftssteier fir d’DP ausgeschloss wier. An eng méi héich Besteierung vum Patrimoine, dorënner hätt d’Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir auslännescht Kapital ze leiden. Wann d’Kollege Schneider a Braz dat och esou sollte gesinn, da bleift engem effektiv näischt aneschtes iwwreg wéi all deenen, déi un der Aarmutsgrenz oder un der falscher Säit vun der Ongläichheets-Schéier stinn, ze wënschen, datt se méiglechst laang gesond bleiwen.