Spidolssecteur Kollektivvertrag: Entspaanung a Siicht

Am Sträit ronderëm de Kollektivvertrag am Spidolssecteur kommen d'Spidolsfederatioun FHL an déi majoritär Gewerkschaft OGBL sech onerwaart méi no. Et gëtt Hoffnung op een Enn vun engem laange Konflikt.

Christiane Kleer / cwi

Fleegesecteur
Am Fleegesecteur kéint et ee Kompromëss ginn. Foto: Bigstock

Decisiv fir datt d'Situatioun am Spidolssecteur sech entspaant, war ee Rapport vun der Generalinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS), deen Enn August eraus komm ass an dem 100,7 virläit. Dora gëtt – wéi d'Gesetz et virgesäit – eng Propose fir déi global Budgetsenveloppe fir d'Spideeler gemaach. Am Rapport huet d'IGSS och ee grousse Sträitpunkt thematiséiert: D'Upassung vum Spidolssecteur un den Accord vun der Fonction publique an domat d'Revalorisatioun vun de Carrièren.

De Paul Junck, President vun der Spidolsfederatioun (FHL), ass mat der Analyse vun der IGSS zefridden. Déi stellt nämlech fest, datt d'Revalorisatioun een Impakt vu ronn 30 Prozent op d'Salairen hätt. An datt een deen Impakt an der Zäit kéint strecken, op déi ganz Carrière vun engem Salarié.

Domat läit d'FHL elo op mannst op engem Punkt op enger Linn mam OGBL, deen am Fleegesecteur majoritär ass. D'Nora Back vum OGBL ass iwwerrascht iwwer de Revirement. D'Gewerkschaft géing d'Revalorisatioun zënter laangem fuerderen an d'Regierung hätt sech och scho laang dozou bekannt. "De Romain Schneider huet schonn op der leschter Quadripartite gesot, datt déi 30 Prozent an den IGGS-Rapport stoe kommen. Bis elo ass näischt geschitt."

"Mir hu kee Wuert héieren"

De 4. Juni waren eng 9.000 Salariéen aus dem Gesondheets- an dem Sozialsecteur op der Strooss fir dogéint ze protestéieren, datt d'Patronen aus den zwee Secteuren zécken fir d'Revalorisatioun ëmzesetzen. De 14. Juli war eng éischt Reunioun vum Spidolssecteur op der Conciliatioun, op där ee sech net eens ginn ass. Den OGBL hätt zënter deem näischt vum der Spidolsfederatioun héieren, seet d'Nora Back.

D'FHL an hire President Paul Junck hu schonn zënter Méint argumentéiert et bréicht een d'Gewëssheet, datt d'Regierung déi néideg Moyenen deblockéiert, fir datt d'Spideeler sech d'Revalorisatioun vun de Carrièrë leeschte kënnen. D'Personal mécht aktuell 600 Millioune vu ronn 900 Milliounen Euro Budget pro Joer aus. D'Gewerkschaften hunn der FHL bis elo virgeworf, d'Spidolsfederatioun géing op Zäit spillen.

Delaie lafen of

Elo ass de Paul Junck optimistesch, datt d'Regierung dem Avis vun der IGSS wäert nokommen. Dat muss dem Gesetz no bis den 1. Oktober geschéien. Hie kann d'Argumenter vun de Gewerkschaften awer verstoen. D'Fleegepersonal hätt dacks eng méi héich Formatioun, wéi nëmmen ee Bac. D'Personal géing awer am Kollektivvertrag nëmmen op de Bac bezuelt ginn. "Mir sinn eis deem Problem bewosst." An deem Sënn wier et elo wichteg, ee Kompromëss ze fannen, dee fir all d'Parteien acceptabel wier, esou de Paul Junck.

Dat gesäit och d'Nora Back vum OGBL esou. Si hofft, datt d'FHL séier eng Propose mécht an net nach op eng Decisioun vun der Regierung waart. D'Gesetzlech Delaie géingen oflafen. "Mir steiere riicht op eng Non-Conciliatioun zou." An datt den Ament keng Verhandlunge wieren, wier der FHL hir Schold.

De 4. November leeft den Delai vun der Conciliatioun aus. Da kéinten d'Gewerkschaften - theoretesch - an de Streik trieden.


Kompromëss am Spidolssecteur?

Méi zum Thema

OGBL Manif 1.JPG
Manif Gesondheets-a Sozialsecteur

De President vun der Spidolsfederatioun reagéiert op d'Maniff vum Gesondheets- a Sozialsecteur a seet, déi hätt keen Afloss op d'Ongewëssheet an där d'FHL de Moment wier. E bréicht ee budgetär Sécherheet.

spidol klinik infirmière
Spidolsgesetz

D'Spidolsgesetz gëtt ëmgeännert. Tëscht der Betterzuel, méi ambulanten Traitementer a Kompetenzzentere sinn eng Rei Neierungen an der Diskussioun. Am Secteur selwer kënnt villes gutt un, mee et gëtt awer och Kritik.

spidol.jpg
Gesondheets- a Sozialsecteur

No der Ëmsetzung vum Gehälteraccord beim Staat fuerderen d'Gewerkschaften, datt och d'Salairen an de Sozial- a Gesondheetsberuffer opgewäert ginn. Mee d'Negociatioune riskéiere schwiereg ze ginn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen