Koalitiounsverhandlungen: DP wollt Lycéesreform zereckzéien

100,7 Informatioune no huet d’DP d’läscht Woch am Koalitiouns-Aarbechtsgrupp "Educatioun" gefuerdert, datt de "projet de loi" iwwert d’Lycéesreform vum Rôle vun der Chamber erofgeholl gëtt. Dëst huet zu gréisseren Meenungsverschiddenheeten mat de Vertrieder vun LSAP an deene Gréngen gefouert.

De Baitrag vum Mick Entringer

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Mick-Edukatioun-1.mp3"]

De ganzen Text, fir nozeliesen:

Esouwuel vun Säiten vun der DP, wéi der LSAP krute mer confirméiert, datt et läscht Woch am Aarbechtsgrupp iwwert d’Educatioun Meenungsverschiddenheeten iwwert de "projet de loi" vun der Lycéesreform gouf. Op Nofro hin kruten mer bei der DP gesot, et wéilt een de "projet de loi" vum Rôle vun der Chamber erofhuelen, fir dem neien Minister Zäit ze ginn fir sech an ze schaffe, an fir op verschiddenen Punkten no ze besseren. Zum Beispill beim Tutorat. Dat géing der DP no awer net heeschen, datt een de ganzen Gesetzesprojet wéilt zréckzéien. Eppes wat d’Demokratesch Partei och weder am Walprogramm nach am Walkampf gefuerdert hat.

Faktesch awer wär et dat. Well Modifikatiounen sinn iwwert Amendementer um aktuellen Text méiglech. Wann e "projet de loi" iwwert d’Lycéesreform vum Rôle vun der Chamber erofgeholl gëtt, leeft dat drop eraus, datt duerno en neien "projet de loi" géing deposéiert ginn, mat enger neier Nummer, vun engem neie Minister. Et wär net méi den Text vun der LSAP-Educatiounsministesch Mady Delvaux.

D’Sozialisten hunn eisen Informatiounen no, gëscht Mëtteg e zousätzleche Diskussiouns-Pabeier iwwert d’Schoulreformen ausgeschafft, deen haut de Moien dem Aarbechtsgrupp Educatioun virgeluecht gouf. Den Aarbechtsgrupp ass en ganzen Dag “open end” zesummen, an anere Wieder sou laang wéi néideg. Falls et kéng Eenegung géing ginn, kéim den Dossier an d’Koalitiouns-Plenière. Vun Säiten vun der DP heescht et awer, datt een dovun ausgeet datt een sech Eens gëtt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen