Koalitiounsverhandlungen: DP, LSAP an déi Gréng si sech Eens iwwert Edukatioun

DP, LSAP an déi Gréng si sech gëschter am Koalitiouns-Aarbechtsgrupp “Educatioun” eens ginn. Dat krute mer op Nofro bei der DP an der LSAP gesot. Den 100,7 hat gëschter gemellt, datt d’DP gefuerdert hat fir de Gesetzesprojet iwwert d’Lycéesreform zréck ze zéien. Déi Fuerderung ass vum Dësch. Den Text bleift also an der Prozedur, a gëtt mat Amendementer iwwerschafft. Eisen Informatiounen no, gëtt et och e Kompromëss beim Schouldirekter an der Grondschoul: dee soll net als neie Posten agefouert ginn, mä de partizipative Modell mat de Schoulcomitée soll bestoen bleiwen. D’Kompetenze vum Schoulpresident sollen awer erweidert ginn. Op e geneeë Profil vun der neier Schoulleedung gouf sech net festgeluecht. DP an déi Gréng haten alle béid an hire Walprogrammer e Schouldirekter gefuerdert, d’LSAP war dogéint. Den Aarbechtsgrupp “Educatioun” kënnt nach emol de Freideg an en Dënschdeg zesummen fir en definitiven Text ze finaliséieren.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen