Koalitioun ass sech iwwert Referendums-Froën eens
Bei de geplangte consultative Referenden am Zesummenhang mat enger neier Verfassung, gëtt d’Bevëlkerung d’nächst Joer iwwert 4 Theme consultéiert: Éischtens gëtt d’Fro gestallt, ob Auslänner sollen d’Wahlrecht kréien, mat der Konditioun, datt se 10 Joer laang Resident waren an op d’mannst eng Kéier scho bei Gemengen- oder Europawahle participéiert hunn.
Zweetens gëtt d’Populatioun iwwert d’aktiivt Wahlrecht vu 16 Joer un gefrot, Drëttens doriwwer ob de Staat d’ministres des cultes soll finanzéieren, a Véiertens ob d’Mandater vu Regierungsmemberen op maximal 10 Joer solle limitéiert ginn. Dat hunn d’DP, LSAP a Gréng Fraktiounen no enger Reunioun mat der Regierung am Sennenger Schlass konfirméiert.
Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry:
An de ganze Bäitrag vum Gil Goebbels: