Klimawandel a Sécherheetspolitik "Net nëmmen d'Greta Thunberg schléit Alarm"

Op den éischte Bléck hunn de Klimawandel a militäresch Froen net vill mateneen ze dinn. International Militärexperte sinn der Fro nogaangen, wéi a wou de Klimawandel zu Konflikter tëschent Mënschen a Staate bäidroe kann.

Stephan Polet / cbi

Militärstiwwelen
Wéi eng Roll spillt d'Militär beim Klimawandel? Foto: Bigstock / dimaris

Lescht Woch ass zu Lëtzebuerg e Rapport presentéiert ginn, dee sech mat der Schnëttstell tëschent dem Klimawandel an dem Militär auserneesetzt. International Militärexperten hunn ënnersicht, wéi eng Roll d'Arméien am Kampf géint de Klimawandel kënne spillen.

Gemeinsam géint de Klimawandel

Den International Military Council on Climate and Security (IMCCS) ass en Netzwierk vu Militärexperte mat Memberen aus 32 Länner. Och de Lëtzebuerger Arméisminister François Bausch ass Member. Hir Gemeinsamkeet géif dora leien, datt si wéissten, datt de Klimawandel sech op déi weltwäit Sécherheetslag auswierkt, seet de President vum IMCCS, de pensionéierten hollännesche Generol Tom Middendorp.

"Si hu gesinn, wéi d'Knappheet vu Waasser zu Tensiounen an enger Populatioun féiert. Si hu gesinn, wéi Dréchente Mënschen aus hirer Heemecht verdriwwen hunn. Si hunn den Impakt vu staarke Wiederphenomeener gesinn, wéi zum Beispill Hurrikanen. Si hunn den Impakt vun Iwwerschwemmunge gesinn a wéi all dëst d'Sécherheet beaflosst."

Konflikter gi verstäerkt

De Klimawandel wier meeschtens net den direkten Ausléiser fir Konflikter, mee e géif Phenomeener verstäerken, déi d'Konfliktpotential erhéijen. Dat gëllt fir vill Plazen op der Welt. An der Sahelzon an Afrika kéint een d'Auswierkungen awer elo scho gutt gesinn.

"Wat mir hei gesinn ass, datt virun allem d'Dréchenten d'Populatioun bedroen. Déi Dréchente bedeiten, datt d'Bauere vun hire Felder fort mussen, an datt d'Hierten hir Déieren op bessere Buedem brénge mussen. Mee dëse Buedem ass scho vun anere Gruppe besat. Dat kreéiert Tensiounen."

Wann d'Leit och net méi vun der Landwirtschaft liewe kënnen, da musse si no aneren Alternative sichen, seet de Generol Middendorp. Migratioun an d'Stied, Flüchtlingscampen oder aner Länner wieren eng Méiglechkeet. Oder si sichen eng aner Tätegkeet fir hir Famill ze ernären. Legal Alternative wiere schwéier ze fannen.

"Dat ass en immens fruchtbare Buedem fir déi organiséiert Kriminalitéit, mee och fir extremistesch Organisatiounen. Do si verzweiwelt Mënschen. An déi verzweiwelt Mënschen si ganz empfänglech fir extremistesch Gruppen. An d'Ernärungsonsécherheet wéinst den Dréchente feieren dës Verzweiwlung weider un."

Konflikter an Nout féieren zu Migratiounsflëss, och a Richtung Europa - wat do dann nees zu politeschen a soziale Konflikter ka féieren.

Den direkten Impakt vum Klimawandel

D'Sécherheetspolitik an Europa ass awer och ganz direkt vum Klimawandel betraff. D'Schmëlze vum Äis um Nordpol mécht natierlech Ressourcen zougänglech, déi bis ewell verstoppt waren. Dat kéint zu geopolitesche Streidereie féieren, dorëms, wien dëst Gebitt kontrolléiert.

"Et ass net nëmmen d'Arktis. Et sinn och déi indirekt Effekter vun der Energietransitioun. D'Energietransitioun bedeit, datt mer méi a Richtung erneierbar Energie ginn, wat gutt ass, well et hëlleft de Problem ze léisen. Mee et betrëfft awer och déi Länner, déi vill Pëtrol a Gas exportéieren. Et affektéiert also d'OPEC-Staaten, Russland an anerer. Wéi wäerte se sech un déi nei Situatioun upassen? Dat wäert nei geopolitesch Dynamike mat sech bréngen, déi mer beuechte mussen."

D'Arméi spillt eng wichteg Roll

Bleift d'Fro, firwat dës Arméivertrieder vum IMCCS sech esou staark mat de Folge vum Klimawandel auserneesetzen? Hei geet et net nëmmen ëm eventuell arméiert Konflikter an der Zukunft. Och lo scho missten Arméien dës Phenomeener matdenken. Eppes, wat de President vum IMCCS, Tom Middendorp, schonn a senger Zäit als aktiven Zaldot erlieft huet.

"Ech war e Kommandeur am Afghanistan a mir hu puer Deeg an engem Duerf gekämpft, dat voll war mat Taliban. No e puer Kampfdeeg konnte mir d'Taliban verdreiwen, mee mir haten de Problem net geléist. Et ass eis eréischt no enger Zäit bewosst ginn, wat déi reell Tensiounen am Duerf waren, an zwar ënnerschiddlechen Zougang zum Waasser."

Eréischt nodeems een dëse Problem geléist hat, war d'Duerf stabil an d'Taliban konnte kee Fouss méi faassen.

D'Militär géif och an Zukunft eng wichteg Roll spille beim Katastropheschutz, wann et zu méi schroe Wiederkonditioune kënnt, esou den Tom Middendorp. Mee och bei den allgemengen Ustrengungen am Kampf géingt de Klimawandel géif den Arméien eng wichteg Roll zoufalen.

"Ech mengen, e groussen Deel vun der Léisung, déi mer musse fannen, läit an der Technologie. Technologie kann eis nei Weeër weise fir Drénkwaasser ze schafen. Technologie kann eis nei Weeër weise fir Energie an Iessen ze produzéieren. Dës Technologië spillen eng grouss, wann net déi gréisste Roll bei der Léisung. D'Militär kann eng Plattform si fir dës Innovatiounen."

D'Iddi vum IMCCS wier et, d'Wichtegkeet vum Kampf géint de Klimawandel och deenen nozebréngen, déi politesch net vill mat Naturschutz um Hutt hunn. Net nëmmen d'Greta Thunberg géif virum Klimawandel warnen, mee och d'Genereel an d'Admireel.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Permafrostbuedem a Russland
Reen a Bou

Als Permafrascht bezeechent een déi Deeler op der Äerd, wou de Buedem permanent gefruer ass. Wat et genee domat op sech huet, a wat fir eng Roll dësen a Punkto Klimawandel spillt, analyséiert de Philippe Ernzer.

Andrew Ferrone
Klima

Ënner anerem wéinst dem staarke Reen ass et an de leschten Deeg op ville Plazen am Land zu Héichwaasser komm. D'Temperatur an den Nidderschlag wieren an de leschte Méint méi héich gewiescht, wéi d'Moyenne vun de Jore virdrun.

Illustratioun fir Artikel iwwer Verfassungsreform
Verfassungsrevisioun

De Kampf géint de Klimawandel respektiv d'Klimaneutralitéit kéinten an déi geplangte reviséiert Verfassung ageschriwwe ginn. déi gréng, d'LSAP an d'CSV hätten eng entspriechend Propos gemaach.

Hans Joachim Schellnhuber
Klima

Et ass een trageschen Triumph fir d'Klimafuerschung, datt d'Thema iwwer Joren ëmmer méi wichteg ginn ass an de Problem weiderhin net geléist ass. Dat seet de fréieren Direkter vum Potsdamer Institut fir Klimafolge-Fuerschung.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen