Meenung Klimaschutz: Courage gesicht

D'Regierung wëllt ee Biergerrot aberuffen, fir iwwert eng méi ambitiéis Klimapolitik ze diskutéieren. Dat huet de Premier dës Woch a senger Ried zur Lag vun der Natioun annoncéiert. D'Iddi ass sympathesch - um Eescht vum Xavier Bettel sengem spontane Virstouss, dierf een awer zweifelen, mengt d'Pia Oppel an engem Kommentar.

Pia Oppel

Kommentar Pia Oppel

De Biergerrot ass eng Iddi vum Staatsministère, déi net am Koalitiounsaccord steet, an déi virun der Annonce dës Woch kaum an der Koalitioun diskutéiert gouf.

D'Initiativ kënnt ëmsou méi iwwerraschend, well d'Regierung mam Klimagesetz grad eréischt zwee nei consultativ Gremien an d'Liewe geruff huet: De Klimaobservatoire mat wëssenschaftlechen Experten, an d'Klimaplattform, wou och d'Zivilgesellschaft soll vertruede sinn (an iwwer där hir Zesummesetzung den Ament gestridde gëtt). Gläichzäiteg leeft den Ament de Consultatiounsprozess "Luxembourg in Transition", wou ee Biergerkommittee mat 30 Memberen iwwer Klimaneutralitéit a Landesplanung beréit.

Net konkret

Elo also och nach ee Klima-Biergerrot. Iwwer seng Demarche huet de Premier a senger Ried just esou vill verroden: De Biergerrot soll sech aus 100 Memberen zesummesetzen, "déi déi demografesch Realitéit zu Lëtzebuerg representéieren". Bei hiren Diskussioune solle si vun Experte begleet ginn. D'Bierger géife gefrot ginn, wat si iwwer d'Mesuren aus dem Klima- an Energieplang eraus wéilte maachen. Wéi verbindlech d'Propositioune vum Biergerrot sinn, sot de Premier net. Um Enn vum Prozess soll dem Xavier Bettel no eng Debatt an der Chamber stoen.

Ee konkreten Zäitplang gëtt et nach net, heescht et am Staatsministère op Nofro hin. Et wéilt ee sech elo vun Experte berode loossen, fir dee ganze Prozess ze lancéieren. Wéi vill finanziell Moyene zur Verfügung stin, ass och nach net kloer. Datt dëse Projet esou spéit an der Legislaturperiod aus dem Buedem gestampft gëtt, schwätzt net grad fir den Eescht vun der Demarche. Mee opmannst läit Lëtzebuerg domadder ganz am Trend vun deem, wat vill aner Länner op der Welt maachen: Biergerréit, Klimakonventer, oder Bierger-Assembléeë si grad an der Moud.

Initiativen aus den Nopeschlänner

Als Inspiratioun, ee kuerze Bléck an eis Nopeschlänner:

A Frankräich gouf no de Protester vun de Gilets Jaune d'Convention Citoyenne pour le climat an d'Liewe geruff. Déi 150 Membere vum Konvent hu 146 Mesurë proposéiert. Bis ewell sinn dovunner iwwer d'Halschent opmannst partiell ëmgesat ginn. Zum grouse Sträitthema vun der CO2-Steier huet de Konvent sech par konter net wëllen äusseren. Proposéiert gouf awer zum Beispill eng Besteierung vun Dividenden, déi Betriber ausbezuelen. Dogéint huet de franséische President Emmanuel Macron ee Veto ageluecht.

An Däitschland huet ee Biergerot am Juni - also puer Méint virun de Bundestagswahlen - eng 80 Recommandatiounen un d'Politik gemaach. Dorënner een Ausstig aus der Kuel am Joer 2030, an eng sozial ofgefiedert CO2-Steier. D'Propositioune vun den 160 nom Zoufallsprinzip ausgewielte Biergerinnen a Bierger waren duerno am Walkampf awer kaum eng Referenz.

An der Neibelsch - also der däitschsproocheger Regioun am Oste vun der Belsch - gëtt et zënter zwee Joer ee sougenannte permanente Biergerdialog. Dëse Modell gëtt och hei am Land a Regierungskreesser als virbildlecht Beispill zitéiert, well de Prozess eng gewëss Verbindlechkeet huet: Parlament a Regierung verflichte sech, fir d'Recommandatioune vun den zoufälleg ausgelouste Bierger ëmzesetzen - respektiv am anere Fall eng Justifikatioun ofzeginn. Ob déi neibelsch Biergerversammlung klimapolitesch Fortschrëtter ka bewierken, bleift iwwerdeems nach ofzewaarden. D'Bierger kënne sech hei nämlech d'Themen, déi si wëlle behandele selwer aussichen - a bis ewell war d'Klimapolitik nach keen Thema.

Verschidde Siichten op d'Theema

Zu Lëtzebuerg soll elo ee Biergerrot der Politik de Wee weisen, wéi een d'Klimaziler kann erreechen, ouni de sozialen Zesummenhalt a Fro ze stellen. Esou huet de Premier et sech a senger Ried zur Lag vun der Natioun gewënscht.

Eng pessimistesch Siicht op seng Initiativ ass, datt d'Regierung zwee Joer virun de Walen eng waarm Gromper un een Debattéierclub ouni Pouvoir ofgëtt - amplaz selwer d'Responsabilitéit z'iwwerhuelen. Fir d'Oppositiounsparteien, Ëmweltorganisatiounen, Gewerkschaften a Wirtschaftsverbänn wäert et sech déi nächst Méint kaum nach lounen, no méi ambitiéisen a konkrete Klimaschutzmesurë ze froen. Ëmmerhi mussen elo mol d'Conclusioune vum Biergerrot ofgewaart ginn. A wann de Biergerrot seng Aarbecht da bis ofgeschloss huet, bleift virun de Wale wuel kaum nach genuch Zäit fir d'Propositiounen a Gesetzesform ze géissen.

Eng optimistesch Siicht op d'Initiativ vum Premier ass, datt hien elo deem richtegen Thema déi néideg Opmierksamkeet wëll schenken. Am Idealfall geléngt et dem Biergerrot konstruktiv klimapolitesch Léisungen op ze weisen, an domadder Ausernanersetzungen an der Regierung oder och bannent eenzelne Parteien ze deblockéieren. De Xavier Bettel schéngt op alle Fall ze hoffen, datt d'Biergerinnen a Bierger eppes hunn, wat dëser Regierung leider feelt: Courage.

An der Mediathéik:

Chronik / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier Bettel
Ried zur Lag vun der Natioun

D'Kannergeld soll vu Januar d'nächst Joer un erëm indexéiert ginn. Dat huet de Xavier Bettel annoncéiert. Weider soll ë.a. d'Allocation à la vie chère ëm 200 Euro gehéicht an d'Maison relaise gratis ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen