Kierch zu Lëtzebuerg Kierchefong: "De Budget ass nach net am Equiliber"

De Kierchefong schafft weiderhin dru fir säi Budget an den Equiliber ze kréien. Fir nei Revenuen ze generéiere wéilt de Fong verstäerkt Immobiliëprojete realiséieren, seet déi nei Presidentin vum Kierchefong. D'Marianne Bausch mengt awer net, datt d'Kierch géint hir eege Valeure verstéisst, wa se Loyere verlaangt, déi den aktuelle Marchéspräisser entspriechen, amplaz Sozialwunnengen ze bauen. Et wier wichteg, datt sech déi Investissementer géife lounen a si géif net mengen, datt de Kierchefong "extreem héich Loyeren" géif froen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Marianne Bausch

Datt vill Leit sech keng Wunneng oder e Loyer zu de Marchéspräisser leeschte kënne wier eng Realitéit, mee fir de Kierchefong wier et elo mol déi éischt Prioritéit, datt all d'Kierchefabricke finanziell an den Equiliber géife kommen.

"An da kann een iwwerleeën, wéi mer da weiderfueren. Dann hu mer erëm vill Optiounen, mee eist éischt Zil ass am Moment den Equiliber ze areechen."

Fir deen Equiliber ze erreesche misst de Kierchefong Defiziter, déi fréier vun de Gemenge iwwerholl goufen, elo selwer bezuelen, esou d'Marianne Bausch. Si betount awer, et wier awer scho vill Progrès gemaach ginn. An de Kierchefong wéilt Mëtt d'nächst Joer genee Budgetszuelen ëffentlech presentéieren.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Leo Wagener
Relioun

An de leschte Woche gouf et geheeften Austrëtter aus der kathoulescher Kierch, seet de Generalvikar Leo Wagener. Dorënner wiere vill Jonker, awer och eeler Leit, déi laang kathoulesch waren.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Journaliste-présentateur/trice

    radio 100,7

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche Un/e Journaliste-présentateur/trice sous contrat à durée indéterminée et à tâche complète (40h/semaine).

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Sot emol vun 10 bis 11

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat enger Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen