Kierchefabriken "Mir stounge virun der Dier"

De Gesetzesprojet iwwert d'Ofschafe vun de Kierchefabrike steet. De 5. August ass de Gesetzprojet presentéiert ginn. Elo mussen d'Gemengen zesumme mat de Kierchefabriken iwwert d'Notzung vun de Kierchegebaier entscheeden. De Syvicol wier vun den Diskussiounen ausgeschloss ginn, kritiséiert de President Emile Eicher. Vill Zäit bleift net. Den 1. Oktober muss gekläert sinn, wat fir eng Kierchegebaier d'Gemenge behalen.

Carole Schimmer / cwi

Emile Eicher
Vill Problemer hätte kéinte verhënnert ginn wann de Syvicol am Virfeld consultéiert gi wier, mengt den Emile Eicher

D'Gemenge wieren a leschter Zäit vun enger Partie Reforme concernéiert gewiescht, esou den Emile Eicher. A ville Fäll hätt d'Zesummenaarbecht mat der Regierung gutt geklappt. Net awer beim Dossier vun de Kierchefabriken. "Et ass iwwerhaapt net mam Syvicol geschwat ginn", bedauert den Emile Eicher. D'Gemenge missten elo eppes applizéieren, iwwer dat si net matbestëmme konnten. Vill Problemer hätten am Virfeld kënne gekläert ginn, wieren d'Gemenge consultéiert ginn.

Nëmmen zwee Mol hätt den Inneminister Dan Kersch eng Reunioun mam Syvicol organiséiert. Do wieren zwar eng Rei Froen iwwert dat geplangt Gesetz beäntwert ginn, "an Tëschenzäit hu sech awer nei Froe gestallt."

Finanziell Onkloerheeten

Eng vun dëse Froen ass, wéi de Bistum d'Kierche wëll finanzéieren an ënnerhalen. De Gesetzprojet gesäit dofir e Spezialfong vir. An dee Fong falen zum Beispill déi Proprietéiten, déi der Par zougeschriwwe waren. Am Fall wou d'Lëscht komplett wier, esou den Emile Eicher, wieren dat 84 Hektar.

De Loyer dovu géing just duergoen, fir enger Handvoll Kierchen d'Heizungskäschten ze bezuelen, fäert de President vum Syvicol. De Bistum hätt sech keng Gedanken doriwwer gemaach, ob d'Finanzen duerginn, fir d'Kierche laangfristeg z'ënnerhalen. "Ech mengen, datt et fir d'Kierch mat deene 84 Hektar bannent e puer Joer eriwwer ass."

D'Fro vun der Gemengenautonomie

An deem Fall hätten d'Gemengen awer kee Moyen, fir d'Kierchen z'ënnerstëtzen. Am Gesetzprojet ass festgehalen, datt d'Gemengen dem Spezialfong keng Subventiounen accordéieren dierfen.

Verstéisst dat net géint d'Charta vun der lokaler Autonomie, well d'Gemengen am Virfeld net consultéiert goufen? Dat wëll d'CSV an enger parlamentarescher Fro wëssen. "Ganz sécher ass et esou, datt d'Autonomie communale beschnidde gëtt. Dat ass e Fakt", seet dozou den Emile Eicher.

Ob an a wéi wäit och géint d'Charta verstouss géing ginn, misst de Syvicol elo klären. Dofir géing ee sech juristesche Bäistand huelen, seet den Emile Eicher.

Zäit bis Oktober

Vill Zäit bleift awer net. Am Projet de loi steet zwar, datt d'Verhandlungen tëscht de Gemengen an de Kierchefabrike bis den 1. Januar missten ofgeschloss sinn. De Syvicol hätt awer eng Circulaire vum Inneminister kritt, an deem dësen Datum op den 1. Oktober virgezu gëtt. Dem Emile Eicher no wier dat awer net ze realiséieren. Et wier den Ament Vakanzenzäit a vill Leit bei de Gemengen an de Kierchefabriken wieren net do. "Fir elo bis den 1. Oktober eng definitiv Léisung ze kréien, dat fannen ech zwar e bëssche keck."

Bannent kuerzer Zäit missten nach vill Froe gekläert ginn. Virun allem wéilten d'Gemenge wëssen, wat mat deene Kierchegebaier geschitt, déi net méi vum Bistum ënnerhale ginn. D'Gemenge wéilten dës erhalen a verhënneren, datt d'Gebaier lues a lues verfalen, esou den Emile Eicher. Doru wier nämlech keen interesséiert.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Hollerich
Kathoulesch Kierch

24 Leit aus der Kierch hu sech beim Vatikan-Vertrieder fir Lëtzebuerg iwwer aktuell Entwécklungen hei am Land beschwéiert. De Jean-Claude Hollerich war doriwwer net informéiert.

Kierch ze Waarken
Kathoulesch Kierch

Nächst Etapp nom Accord vun Ufank 2015 fir eng méi grouss Trennung tëscht der kathoulescher Kierch an dem Staat: d'Kierchefabricke ginn ofgeschaaft. D'Kritik um Gesetzprojet ass grouss.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen