Viru knapp zwou Wochen huet de Bistum déi concernéiert Kierchevertrieder zesummegeruff, fir si iwwer déi neisten Entwécklunge bei de Kierchefabriken z’informéieren. Och invitéiert war de Syfel, den Daachverband vun den 285 Kierchefabriken zu Lëtzebuerg. Verschidde Sourcen hunn eis confirméiert, datt den Äerzbëschof rose war an dat och zum Ausdrock bruecht huet.
Hannergrond war ee Bréif, deen un den Nuntius (de stännege Vertrieder vum Vatikan fir Lëtzebuerg), geschéckt gi war. Am Bréif gouf sech iwwert d'Entwécklungen zu Lëtzebuerg beschwéiert. Déi 24 Signatairen hunn hir Onzefriddenheet iwwer d’Verhandlungen tëscht Regierung a Bistum fir eng méi grouss Trennung tëscht Kierch a Staat ausgedréckt. De Jean-Claude Hollerich war net informéiert ginn.
E Bréif, net nëmmen iwwert d'Kierchefabriken
De Vizepresident vum Syfel Marc Linden huet op eis Nofro hi confirméiert, datt hien de Bréif mat ënnerschriwwen huet an den Äerzbëschof wier doriwwer rosen. De Generalvikar Leo Wagener wollt sech dozou net äusseren.
Wat genee stoung am Bréif? De Marc Linden seet, et wieren e puer Sujete gewiescht. Engersäits d’RTL-Informatioun, datt dem Äerzbëschof soll e Weihbëschof un d’Säit gestallt ginn. D'Demissioun zejoert vum deemolege Generalvikar Erny Gillen. De Gesetzprojet fir déi finanziell Obligatioune vun de Gemenge par Rapport zu de Kierchefabriken ze stoppen. An de Gesetzprojet fir an de Schoulen de Reliounscours duerch e Wäerterunterrecht z’ersetzen.
Vertrieder vum Syfel hu mat ënnerschriwwen
De Marc Linden betount, datt et am Bréif net just ëm d’Kierchefabrike gaange wier. De Bréif wier och net am Numm vum Syfel verschéckt ginn. Allerdéngs fält op, datt ënnert de Signatairen eng ganz Partie Syfel-Vertrieder sinn.
Weider seet de Marc Linden, datt de Syfel och zwou Audienze beim Jean-Claude Hollerich ugefrot hätt fir iwwer déi aktuell Sujeten ze schwätzen. Ouni Erfolleg, an dat, obwuel de Syfel op enger Iddi vum Bistum géing baséieren. Am Bréif hätten d'Signatairen eng gemeinsam Positioun formuléiert an den Nuntius ëm Rot gefrot.
Dat wier net aussergewéinlech, esou de Vizepresident vum Verband vun de Kierchefabriken. Generell wiere méi Bréiwer vu verschiddene Persounen un den Nuntius geschéckt ginn, an deene sech beschwéiert gouf.
D’Konventioun fir méi eng grouss Trennung tëscht Bistum a Staat ass virun annerhallwem Joer ënnerschriwwe ginn. Bei der Basis am Bistum rumouert et zënter deem. Den héije Vertrieder vun der Kierch gëtt reprochéiert, e schlechten Accord mat der Regierung ausgehandelt ze hunn.
Lauschtert hei de Bäitrag vum Maxi Pesch: