SREL-Dokumenter 1960-2001 "Keng massiv politesch Spionage"

D'Historiker-Analys iwwer déi historesch Geheimdéngscht-Datebanke gouf a Presenz vun de Membere vun der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun a vum Premier Xavier Bettel an der Chamber presentéiert. Beweiser fir eng massiv politesch Spionage an de Joren 1960 bis 2001 hätt een net fonnt, esou d'Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler. Wéinst der grousser Zuel vu Cartons-Fichen, Mikrofichen a Mikrofilmer konnten d'Wëssenschaftler an de leschten zwee Joer nëmmen een Deel vun den Dokumenter ënner d'Lupp huelen: dorënner d'Fichen iwwer bal 6.000 lëtzebuergesch physesch a moralesch Persounen.

Serge Kesseler / cbi

SREL

Wéi huet de Lëtzebuerger Geheimdéngscht zanter senger Grënnung 1960 geschafft a wien hat dëse Service an den éischte véier Joerzéngte vu senger Existenz am Viséier?

Dat waren zwou zentral Froe bei der Missioun vun de béiden Historiker: eng Missioun, déi 2016 an engem Gesetz festgeschriwwe gi war. Am Kontext vun der Geheimdéngscht-Affär war decidéiert ginn, datt déi historesch Geheimdéngscht-Dokumenter - déi 2013 saiséiert gi waren - wëssenschaftlech sollen ënnersicht ginn.

110.000 Fichieren

D'Resultat dovu läit elo vir. Den Historiker Jean Reitz seet, datt déi saiséiert Dokumenter keng historesch Archive vum SREL sinn, mee datt dat en "Outil de travail" war: "dat waren am Fong déi Pabeierfichen, dat waren déi Moyenen, déi si deemools haten."

D'Envergure vun deenen Archive wier immens grouss, seet den Historiker:

"Et ass eng Kéier geschwat gi vun 300.000 Fichen, mee herno ass geschwat gi vu 6.000 Fichen, dat sinn déi Lëtzebuerger, mee et sinn iwwer 110.000 Fichen déi do sinn, wat d'Auslänner ugaange sinn, well ebe jiddwereen, deen am Ausland bei engem Service opgefall ass, ass do fichéiert ginn."

E Bierg un Aarbecht

Deemno konnten d'Historiker an de leschten zwee Joer net alles ënnersichen: am Schlussrapport geet vun enger "Mission impossible" rieds. De Jean Reitz schwätzt bei den Dokumenter vun engem "Risenduercherneen". Ee Joer hätt et gedauert, fir d'Logik vum Klasséierungs-System ze verstoen. Bei der Analys huet een deemno mussen e Choix maachen.

"Mir hunn eis decidéiert, datt mir déi Lëtzebuerger géife kucken, well dat jo interessant ass ze kucken, wat mat deene passéiert ass. Mir hunn och gekuckt, déi kommunistesch Dossieren déi do waren, déi mir erëmfonnt hunn an de Backup-Archive vu Senneng. A schlussendlech hu mir déi Courriere gekuckt an och déi Reseauen, wou de SREL dra war, wéi se international zesummegeschafft hunn."

De Kommunismus als Feindbild

Vun den 1950er Joren u wier de Kommunismus de "Feind vu Lëtzebuerg" a vu senge Partner gewiescht, huet den Historiker bei der Presentatioun vun de Resultater vun der Missioun gesot. De Geheimdéngscht hätt ënner anerem déi Lëtzebuerger Kommunisten iwwerwaacht.

De SREL wier deemools dovunner ausgaangen, datt d'Kommunisten déi wieren, déi am Kader vun enger russescher Invasioun déi wieren, déi den Terrain géife preparéieren. Wa Kontakter mat Russland bestanen hätten, da wier alles iwwer déi Leit gelaf. "Dofir sinn déi da suivéiert ginn."

Lëtzebuerg am Kale Krich

Déi ënnersichte Geheimdéngscht-Dokumenter wiere wichteg fir d'Verständnis vum Kale Krich, erkläert den Historiker.

"Fir mech ass et immens wichteg, well eben dat Heiten eng Source ass, am Fong déi eenzeg offiziell Source ass, déi do ass, déi weist, datt Lëtzebuerg am Kale Krich implizéiert war. An et gëtt am Fong eng aner Vue, well duerch déi ganz Reseauen, wou Lëtzebuerg dra war, si ganz vill Decisiounen net méi um nationalen Niveau getraff ginn."

Bei deem wat analyséiert gouf, wieren Tracen zur geheimer NATO-Organisatioun Stay behind fonnt ginn. D'Dokumenter zur Bommeleeër-Affär hätt een awer keng fonnt, esou d'Historikerin Nadine Geisler.

Enn vun den 1960er an Ufank vun den 1970er Jore wier den Terrorismus an Europa komm, z. B. mat München 1972, huet de Jean Reitz erkläert.

"Am SREL ass dat ëmmer als arabeschen Terrorismus aklasséiert ginn. An dat ass och déi Zäit, wou et lass gaangen ass mat Baader-Meinhof, mat ETA, mat IRA an do war ganz kloer, déi haten alleguerte Kontakter mat Lëtzebuerg"

Aus der Vergaangenheet léieren

Wéi d'Opschaffe vun den historesche Geheimdéngscht-Datebanke virugeet, soll d'Chamber deemnächst decidéieren.

Et wier wichteg, datt d'Vergaangenheet opgeschafft gëtt, esou d'Martine Hansen. D'Historikermissioun wier keng einfach gewiescht, esou d'CSV-Fraktiounscheffin a Presidentin vun der Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun.

"Am Gesetz steet nämlech och nach, datt wann dee Rapport final ënnerschriwwe gëtt, da misst u sech sechs Méint dono, d'Directrice vum SRE fir eng Affektatioun definitive vun den Datebanke suergen. [...] Dat ass natierlech net méiglech, vue datt d'Datebanken net all konnten analyséiert ginn. Mir mussen also iwwerleeën, ob mir net eng gesetzlech Upassung brauchen."

De Premier Xavier Bettel huet bei der Presentatioun vum Rapport gëschter ënnerstrach, datt et wichteg wier, aus de Feeler vun der Vergaangenheet ze léieren. E Geheimdéngscht hätt an enger Demokratie awer och eng Daseinsberechtegung, an den SRE vun haut huet näischt méi mam SREL vu gëschter ze dinn, esou de Premier.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Illustratioun Archiven
Geheimdéngschtarchiven

Déi vum Staat beoptraagten Historiker hunn hir Recherche op den historesche Geheimdéngschtarchiven aus de Joren 1960 bis 2001 ofgeschloss. De ronn 100 Säite laange Rapport soll am Februar publizéiert ginn.

Benoit Majerus
Geheimdéngscht

Zwee Historiker solle bannent zwee Joer d'SREL-Archive vun 1960 bis 2001 opschaffen. De Benoît Majerus, deen am zoustännegen Evaluatiounscomité sëtzt, hofft datt den Delai verlängert gëtt.

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen