Keng Léisung am Sträit tëschent Educatiounsministère mat Proffen a Gewerkschaften

Am Konflikt tëschent dem Educatiounsministère op där enger Säit an den Enseignantsgewerkschaften an de Proffecomitéen aus de Lycéeën op där anerer Säit gouf et no stonnelaange Gespréicher keng Léisung. Elo soll op der Conciliatioun viru verhandelt ginn, am Sträit iwwert d’Spuermesure vun der Regierung. Hannergrond ass een ugekënnegte Proffeboykott vun den Ofschlossexamen an de Lycéeën.

De Minister Claude Meisch huet ugekënnegt, déi 1.500 Proffendemandë fir net an Examenskommissioune genannt  ze gi mussen refuséieren. Hie géif dofir suergen, datt d’Examen uerdnungsgeméiss kënnen organiséiert a korrigéiert kënne ginn. Kee bräicht sech Suergen ze maachen.

De Spriecher vun de Proffecomitéeë Jacques Maas huet betount, et géif an de Schoulgebaier eng ganz massiv Oflehnung vun der Spuerpolitik ginn, déi de Minister wéilt duerchboxen. D’Situatioun wier elo total blockéiert. De Claude Meisch hätt keng Ouverturë gemaach.

De Bäitrag vum Serge Kesseler

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen