Keng Biergerforumen am Virfeld vum Verfassungsreferendum

Virum Verfassungsreferendum de 7. Juni ginn anescht wéi geplangt kéng Biergerforumen organiséiert. D’Decisioun ass de leschten Donneschdeg an der Presidentekonferenz vun der Chamber gefall.

D’Uni hat wëlles Diskussiounsforume vun 30 Lëtzebuerger mat Deputéierten an Experten iwwert déi verschidde Referendumsfroen z’organiséieren.

An der Chamber goufe sech Suerge gemaach, datt ee sech d’Fangere verbrennt. D’Grënn fir kéng Biergerforumen z’organiséiere si praktesch a methodologesch Froen, esou den DP-Fraktiounschef Eugène Berger.

De Chamberpresident Mars Di Bartolomeo huet ënnerstrach, datt d’Iddi vu Biergerforumen am Kontext vun der ganzer Verfassungsrevisioun net ofgeschmettert wier. Zu dësem Moment, virun engem Referendum mat dräi Froe, wier d’Plus-value duerch esou Forumen awer net evident.

De Bäitrag vum Serge Kesseler:

 

Déi éischt Reaktioun vum Chamberpresident Mars Di Bartolomeo am Interview mam Serge Kesseler:

 

CSV an ADR begréissen, datt et am Virfeld vum consultative Verfassungsreferendum de 7. Juni kéng Biergerforume ginn: Déi Lénk bedauert dës Entscheedung.

Dem CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler no, wier de Virschlag vun der Uni fir Biergerforume virum Referendum z’organiséieren, nach net ausgeräift gewiescht. Esou Forumen zum geplangten Zäitpunkt wiere weder sënnvoll nach produktiv gewiescht.

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen schwätzt bei de Biergerforume souguer vun engem geplangten Experiment am Kader vu Wahlen.

De Bäitrag vum Serge Kesseler:

 

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen