Fräihandels-Accord Kéint d'Chamber CETA stoppen?

Den Handels-Accord tëscht der EU an Kanada (CETA) ass ëmstridden. D'Europäesch Kommissioun hat d'lescht Woch proposéiert, datt national Parlamenter awer solle kënne matschwätzen. Anescht wéi dat fir d'éischt annoncéiert war. Mee kann hiren Neen den Accord effektiv stoppen? Dat ass net esou kloer.

Danièle Weber (Bréissel) / ys

Analys Xavier Bettel an der Chamber
De Xavier Bettel an der Chamber (Foto: Chambre des Députés)

De Revirement vun der Kommissioun gouf mat grousser Freed bei de Kritiker vun TTIP a CETA opgeholl. D'Kommissioun hat allerdéngs hir Meenung geännert, ouni se wierklech ze änneren.

Et gëtt zwar elo eng "Procédure mixte" proposéiert, den Accord geet also duerch déi national Parlamenter. D'Kommissioun ass awer weiderhin iwwerzeegt dovun, datt esou een Handelsaccord legal gesinn ënnert hir Kompetenz fält. An net ënnert déi vun de Memberlänner.

"EU-only" momentan net populär

"EU-only" heescht dat am Bréisseler Jargon. D'EU eleng ass zoustänneg. D'Kommissioun an d'Europaparlament.

Um leschten EU-Sommet gouf Drock gemaach. Ënner anerem och vu Lëtzebuerg. De Premier Xavier Bettel huet sech niewent Aneren dofir agesat, datt op nationalem Niveau sollt ofgestëmmt ginn. Dat wär méi demokratesch, heescht et an der Argumentatioun.

De Label EU-only ass den Ament net gutt bei den EU-Bierger ze verkafen. Mol net zu Lëtzebuerg. An eng Ofstëmmung "just" am Europaparlament gëtt als manner demokratesch ugesinn.

Doriwwer kann ee streiden. An datt och Europaparlamentarier dat esou gesinn, ass vläicht ee Schoss, deen no hanne goe kann. Ëmmerhi riskéiere si domat, sech selwer als Zweet-Klass-Muppien a Saachen Demokratie dohin ze stellen.

Le provisioire qui dure?

Ob den Accord effektiv ka vun nationale Parlamenter gestoppt ginn, steet op engem anere Blat. D'Kommissioun huet do nämlech nach eng Brems an hir Propos agebaut: Soubal CETA am Europaparlament gestëmmt ass, soll den Accord provisoresch a Kraaft trieden. An zwar ier e vun allen 28 EU-Membre ratifizéiert ass.

Wéi provisoresch dat a-Kraaft-setzen ass, doriwwer ass d'Prozedur net kloer. Op d'Fro, wat géif geschéien, wa beispillsweis Wales mat "Nee" stëmmt, gouf et aus Kommissiounskreesser keng Äntwert. "Mir wëssen et net", sot eng Source. Kéint dee Provisorium also theoretesch éiweg weiderlafen, ouni datt den Accord jeemools géif definitiv a Kraaft trieden? D'Äntwert dorop war op alle Fall kee kloren Neen. "Mir huelen un, datt dat net geschitt", sou eng Source aus der Kommissioun. D'europäesch Bierger misste besser iwwert den Accord informéiert ginn, da géife si och net Nee soen.

Net wierklech méi Demokratie

D'Kommissioun ass op alle Fall vum Accord iwwerzeegt. An zwar esou, datt si aner Positiounen, trotz där elo proposéierter Procédure mixte, net envisagéiert. "CETA ass e gudden Accord. Ee progressiven Accord. Een Accord, dee mir sou séier wéi méiglech wëlle praktesch applizéiert gesinn," sou de Spriecher vun der Kommissoun Margaritis Schinas leschten Donneschdeg. No méi Demokratie héiert sech dat net un.

D'Kommissioun huet allerdéngs net Onrecht wa si seet, datt d'Majoritéit vun de Memberlänner deen Accord wollt. Datt der dono e puer op Distanz gaange sinn, ass net ganz éierlech. An eventuell Deel vum aktuelle Bréissel-Bashing ze verstoen.

D'Memberlänner kéinten d'Propos, den Accord provisoresch a Kraaft trieden ze loossen, refuséieren. Mol kucken, wat si decidéieren.

D'Danièle Weber ass Bréissel-Korrespondentin vum radio 100,7

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Xavier Bettel
Fräihandelsaccord EU-Kanada

D'EU-Kommissioun wëll déi national Parlamenter net an d'Decisioun iwwer de Fräihandelsaccord tëscht der EU a Kanada abannen. De Premier Xavier Bettel bréngt juristesch Schrëtter géint déi Approche an d'Gespréich.

Rick Mertens Kommentar
TTIP

Déi sougenannten "TTIP-Leaks" hunn net dozou gefouert, datt méi fondéiert iwwert de geplangte Fräihandelsaccord tëschent EU an USA diskutéiert gëtt, mengt de Rick Mertens.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen