Bildung uni.lu: Keen zweet Mandat fir de Stéphane Pallage

De Stéphane Pallage wäert eisen Informatiounen no net fir en zweet Mandat als Recteur vun der Uni Lëtzebuerg kandidéieren. De belschen Economist huet nach e Mandat bis Enn d'nächst Joer.

Stephane Pallage

De Moien huet hien der Uni matgedeelt, datt hien dono zréck op Montréal bei seng Kanner wéilt plënneren. D'Pandemie hätt d'Distanz zu senger Famill däitlech vergréissert. Dofir wier en zweet 5-Jores-Mandat zu Lëtzebuerg net méiglech.

An der interner Kommunikatioun, déi eis virläit, schreift de Stéphane Pallage, hie géif bis Enn 2022 Recteur bleiwen, mat der selwechter Energie wéi an der Vergaangenheet.

D'Sich fir en neie Recteur wäert deemnächst ulafen, esou gutt informéiert Sourcen.

Ier en op Lëtzebuerg koum, hat de Stéphane Pallage am Kanada op der Universitéit vum Québec zu Montréal geschafft. Op der Uni.lu hat hien d'Successioun ugetruede vum Rainer Klump, deen an der Suite vun administrativen a budgetären Turbulenzen zréckgetruede war.

Méi zum Thema

Stephane Pallage
Uni Lëtzebuerg

D'Administratioun vun der Uni Lëtzebuerg soll professionaliséiert ginn, seet hiren neie Rektor, de Stéphane Pallage. D'Uni misst méi transparent ginn an eng besser Kommunikatioun kréien.

Stéphane Pallage
Uni Lëtzebuerg

De Regierungsrot huet de belschen Economist als Recteur genannt, op Propose vum Conseil de Gouvernance. Och de Conseil Universitaire hat der Nominatioun an engem consultativen Avis zougestëmmt.

Uni Lëtzebuerg Exklusiv
Uni Lëtzebuerg

D'Uni Lëtzebuerg hätt mam Ekonomist Stéphane Pallage bannent kuerzer Zäit ee Successeur fir de Rainer Klump fonnt, deen am Mee zréckgetruede war. Dat an der Suite vun administrativen a budgetären Turbulenzen.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen