Keen Dementi a kéng Confirmatioun, datt d'allocation d'éducation ofgeschaaft gëtt

“Mir mussen d’Fraen encouragéiere fir eegestänneg ze sinn.” Dat war d’Äntwert vun der Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen, op d’Fro ob d’allocation d’éducation an d’allocation de maternité gestrach ginn.

Beim Kannergeld géing no enger Léisung gesicht ginn, fir, datt déi di den Ament dovunner profitéieren näischt ewechgeholl kréien. Wéini eng Reform vum Kannergeld kënnt huet d’Corinne Cahen net gesot, et géingen nach juristesch Froe gekläert ginn.

Haaptsujet an der Emissioun Riicht Eraus war d’Flüchtlingspolitik: De fréiere President vun der ASTI Serge Kollwelter sot, et wier méi Écoute op Säite vum Familljeministère bei der Betreiung vun Demandeurs d’asile. Hien huet begréisst, datt amgaange wier un de Conclusiounen aus dem Audit iwwert den OLAI geschafft ze ginn.

D'ganz Emissioun Riicht Eraus, Moderatioun François Aulner:

 

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen