Gesondheet Präventiivt HIV-Medikament nach net rembourséiert

Präventiv Medikamenter kënnen de Risiko vun enger HIV-Infektioun däitlech reduzéieren. An England soll d'Mëttel Truvada deemnächst fir deen Zweck agesat a vun der Krankekees rembourséiert ginn. Dat huet ee Geriicht an éischter Instanz entscheed. Lëtzebuerg ass nach wäit vun esou enger Decisioun ewech.

Pierre Majerus / cwi

Truvada, blo Pëllen
Truvada kann de Risiko vun enger HIV-Infektioun ëm 86% reduzéieren (Photo: Bigstock / Andrey Cherkasov)

TRUVADA ass ee sougenannt Prä-Expositiouns-Prophylax-Medikament, kuerz PrEP. Medikamenter wéi dëst kënnen de Risiko vun enger HIV-Infektioun ëm 86 Prozent reduzéieren. Dat beleeë wëssenschaftlech Etuden. A Kanada, den USA, Australien a Frankräich gëtt d'Medikament agesat, fir datt Leit mat engem héijen Infektiounsrisiko sech kënne schützen. Zum Beispill homosexuell Männer.

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Medikament och verschriwwen, mee just an der Therapie, erkläert de Vic Arendt. Den Dokter am Stater Centre Hospitalier ass Member vum Iwwerwaachungscomité, dee sech ëm sexuell iwwerdrobar Krankheete bekëmmert. Zwee Drëttel vun den HIV-Patienten zu Lëtzebuerg géifen ënnert anerem mat TRUVADA behandelt ginn. "An der Prophylax gëtt d'Medikament awer net agesat". Déi präventiv Notzung gëtt deemno vun der CNS och net rembourséiert. De Comité de Surveillance du Sida géing sech wënschen, datt sech dat ännert.

De Wee geet iwwer d'EU-Instanzen

Dem Dr. Arendt no géing envisagéiert ginn, d'Medikament als PrEP anzesetzen. "Den Hoke war, datt keng europäesch Autorisatioun dofir bestanen huet", sou de Vic Arendt. Zënter deem hätt sech d'Situatioun awer geännert. Den 22. Juli huet d'European Medicines Agency (EMA) eng Recommendation de mise sur le marché fir TRUVADA als PrEP gemaach. "Dës Recommandatioun muss bannent zwee Méint vun der EU-Kommissioun ëmgesat ginn." An dann eréischt kéinten déi eenzel EU-Memberstaaten decidéieren, ob si TRUVADA als PrEP accordéieren a rembourséieren.

Frankräich huet net op déi Autorisatioun gewaard fir den Asaz an de Remboursement vum Medikament guttzeheeschen. An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro hat d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch am Dezember 2015 geschriwwen, et misst fir d'éischt eng Konventioun tëschent der Gesondheetskees an dem Gesondheetsministère respektiv deem fir d'Sécurité sociale ënnerschriwwe ginn.

Lauschtert dem Pierre Majerus säi Bäitrag:

Truvada

Méi zum Thema

antibiotique.jpg
Gesondheet

Ëmmer méi dacks kënnt et vir, datt verschidden Antibiotiquë bei bakteriellen Infektiounen net méi uschloen, well d'Erreger resistent sinn. Wouru läit dat a wéi eng Léisunge ginn et? Äntwerten an eisem Dossier.

Crystal Meth
Nationalen Drogerapport

2.000 Leit zu Lëtzebuerg hunn akut Problemer mat Drogen. Dat geet aus deem neien Drogerapport ervir. De Konsum vu Kokain hëlt zou. Suerge mécht ee sech iwwer Fraen a Kanner am Drogenhandel.

1.JPG
Ligue Médico-sociale

Ass d'Gesondheetskontroll vu Kanner an der Grondschoul duerch d'Ligue wierklech haut nach noutwenneg? "Jo", seet d'Ligue Médico-Sociale. Vill Elteren géifen d'Gesondheet vun hire Kanner negligéieren.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen