Kee Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht?

Zur Fro, ob d'Regierung nach hannert hirer Propose steet, fir am Kader vum konsultative Referendum iwwert d'Verfassungsreform ë.a. déi zentral Fro vum Auslännerwahlrecht ze stellen, gouf et vum Regierungschef keng ganz konkret Aussoen.

Gëschter sot de Xavier Bettel zu kengem Zäitpunkt, datt d'Regierung onbedéngt e Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht wëll maachen: "Et si verschidde Punkte wou mer kee Referendum brauchen, wa mer eng Majoritéit an der Chamber fannen", sou de Xavier Bettel. An: "Mir sinn als Regierung der Meenung, dass een alles muss maache fir d'Participatioun vun eisen Net-Lëtzebuerger ze verbesseren. Ob dat um Wee vum Referendum ass, wou een d'Fro stellt, ob aktiivt a passiivt Wahlrecht, ob dat d'Participatioun ass bei anere Votatiounen...d'Regierung ass am Gaange virun allem mat der Chamberinstitutiounekommissioun ze kucken a wéi eng Richtung et soll goen. Et ass am Dialog wou mer dat wëlle maachen, mir wëllen d'Land net an zwee splécken."

D'Aussoe vum Xavier Bettel deiten drop hinn, datt an dësem Punkt no engem Kompromëss mat der CSV gesicht gëtt. D'CSV huet sech bis ewell géint e Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht ausgeschwat. D'lescht Joer hunn d'CSV-Deputéiert an der Chamberinstitutiounekommissioun sech awer bereet erkläert, fir an d'Verfassung anzeschreiwen, datt d'Auslännerwahlrecht zu engem spéideren Zäitpunkt kann agefouert ginn, dat iwwert e Gesetz mee weiderhi mat Zwee-Drëttel-Majoritéit.

Den LSAP-Fraktiounschef a President vun der zoustänneger Chamberkommissioun Alex Bodry wollt d'Aussoe vum Premier a Saache Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht net kommentéieren.

Am Regierungsprogramm heescht et op Säit 6: "en 2015 le peuple sera consulté par voie de référendum sur des questions essentielles, notamment: le financement des ministres des cultes ; les droits politiques des concitoyens non luxembourgeois ;  la participation des jeunes dès l’âge de 16 ans au processus politique ; la limitation dans le temps des mandats ministériels."

Während dem Debat iwwert d'Regierungserklärung, den 11. Dezember 2013 an der Chamber, sot de Xavier Bettel zur Noutwennegkeet vun engem Referendum iwwert d'Auslännerwahlrecht:

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen