Kee Referendum iwwer d'Reliounsfro
An der Institutiounekommissioun vun der Chamber gouf et ee Kompromëss tëschent de Majoritéitsfraktiounen an der CSV. Ee Reliounegesetz soll an déi reforméiert nei Verfassung ageschriwwe ginn, fir d’Relatiounen tëschent dem Staat an de Reliounsgemeinschaften ze regelen. Dësen neien Artikel 117 gesäit och vir, datt Conventiounen, déi vun der Chamber mussen approuvéiert ginn, dës Relatioune kënne präziséieren. D’Textpropositioun gesäit am Verfassungsartikel 117 och vir, datt de Staat am reliéisen an ideologesche Beräich d’Prinzipie vu Séparatioun, Neutralitéit an Impartialitéit respektéiert.
An der Chamberkommissioun gouf de Moien och decidéiert, datt d'Fro iwwert d’Finanzéierung vun de Paien a Pensioun vun de Ministres des cultes am consultative Referendum de 7. Juni definitiv net soll gestallt ginn.
De proposéierten neien Artikel: "En matière religieuse et philosophique, l’Etat respecte en vertu du principe de séparation, les principes de neutralité et d'impartialité. La loi règle les relations entre l’État et les communautés religieuses, ainsi que leur reconnaissance. Dans les limites et formes fixées par la loi, des conventions à approuver par la Chambre des députés peuvent préciser les relations entre l’Etat et les communautés religieuses reconnues."
Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler huet sech an enger éischter Reaktioun ganz zefridde gewisen: seng Fraktioun hätt zu 100 Prozent Satisfaktioun kritt. Et wier ganz wichteg, datt d’Relatioun tëschent dem Staat an de Glawensgemeinschaften an der Verfassung wäerte stoe bleiwen:
Dem LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry no ass et wichteg, datt de Separatiouns- an Neutralitéitsprinzip an d’Verfassung soll ageschriwwe ginn:
Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet kritiséiert, datt et mam proposéiere Verfassungsartikel keng Trennung vu Kierchen a Staat géif ginn:
Den Deputéierte vun déi Lénk Serge Urbany bedauert, datt d'Reliounsfro net am Verfassungsreferendum gestallt gëtt, a schwätzt vun engem Kouhandel tëscht Majoritéit an CSV:
Den DP-Fraktiounschef Eugène Berger argumentéiert, datt et wéinst dem Accord mat der CSV een "neien Ament" géif ginn. Hien huet dorunn erënnert, datt 2016 an engem weidere Referendum iwwer déi ganz Verfassungrevisioun ofgestëmmt gëtt:
Och de gréngen Deputéierte Claude Adam hält et fir richteg, datt d'Referendumsfro fale gelooss gëtt: