Telekommunikatioun "Kee Mënsch soll Roaming bezuelen"
De Roaming am EU-Ausland soll bis de 15. Juni 2017 ewech falen. D'Roaming-Direktiv vun der EU-Kommissioun muss awer iwwerschafft ginn, esou d'Decisioun vum Jean-Claude Juncker. An der Propositioun waren nëmmen 90 Deeg gratis Roaming d'Joer am EU-Ausland virgesinn.

No den 90 Deeg gratis Roaming hätten d'Telefonsgesellschaften der Propositioun no kënnen Auslandstariffer berechnen. Fir de Guy Goedert, Direkter vum Lëtzebuerger Konsumenteschutz wier dat net déi richteg Léisung.
D'Konkurrenz wier domat net assuréiert, well all Ubidder selwer hätt kéinten iwwert d'Asualndsfraisen entscheeden. Donieft fuerdert hien, datt d'Roaming-Käschte ganz ewech falen. Mat "Roaming" sinn d'Zousazkäschte gemengt, déi ee muss bezuelen, wann een am Ausland telefonéiert, SMSe schreift oder mam Handy an den Internet geet.
Et wier néideg, datt d'Roaming-Käschten an der EU ewech falen, fënnt och d'Europadeputéiert a fréier EU-Kommissärin Viviane Reding. Et soll een an der Vakanz zu deene selwechten Tariffer kënnen telefonéieren, wéi am Heemeschtsland.
En europäescht Telefonsnetz
D'Europäer wieren am Duerchschnëtt zwielef Deeg am Joer am EU-Ausland. Dofir fënnt d'Viviane Reding, datt 90 Deeg Roaming zum selwechten Tarif wéi am Heemechtsland scho vill wieren. De Problem un der Propositioun vun der Kommissioun war der Viviane Reding no d'Manéier, wéi d'Direktiv presentéiert gouf. "Et huet ausgesinn, wéi wann dat net géing agehale ginn."
De Jean-Claude Juncker géif elo probéieren dat ze redresséieren: D'Leit sollen ouni Zousazkäschten aus dem Ausland telefonéieren. Donieft sollen d'Abusen déi mat esou enger Regelung kéinte kommen, verhënnert ginn. Et soll ee säin Handy-Abonnement zum Beispill net kënnen an engem anere Land maachen, well do d'Käschte méi niddereg wieren.
Den Ament wier d'Telefonsnetz nach net europäesch genuch opgebaut, fënnt d'Viviane Reding. Elo géif et virun allem dorëm goen, d'Konkurrenz tëschent den europäeschen Telekom-Operateuren z'erhalen. Fir Abusen ze verhënnere misste verschidde Mesurë geholl ginn, fir datt "keen normale Mënsch méi Roaming-Käschte muss bezuelen."
Delai soll agehale ginn
Duerch d'Decisioun, den Text iwwer d'Roaming-Käschten an der Europäescher Unioun z'iwwerschaffen, ass d'Kommissioun zäitlech zréckgefall. Den Datum vum 15. Juni 2017, op deem d'Roaming-Käschte sollen ewech falen, soll awer bäibehale ginn. D'Viviane Reding ass zouversiichtlech. Et géif versicht ginn, zesumme mat de concernéierten Acteuren eng Léisung ze fannen.
Et ass méiglech, datt den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a senger Ried zur Lag vun der Unioun zu Stroossbuerg zu dësem Sujet Stellung hëlt, seet d'Lëtzebuerger Europadeputéiert. Den definitiven Text misst awer nach ausgeschafft ginn. Dat kéint nach e puer Deeg daueren.
An hirer Zäit als EU-Kommissärin hat d'Viviane Reding sech staark dofir agesat, dass d'Roaming-Tariffer an der EU ewech falen.