Käschten vum Militärtransportfliger A400M

2019 soll Lëtzebuerg säi Militärtransportfliger Airbus A400M geliwwert kréien: nieft dem Kafpräis vun iwwer 160 Milliounen Euro, wäert Lëtzebuerg sech mat bis zu 20 Milliounen Euro un de Käschte fir d’Astandsätze vum Militärfluchhafe vun der belscher Arméi bei Bréissel musse bedeelegen. Dat huet de Verdeedegungsminister Etienne Schneider Enn vun der leschter Woch um Bord vun der Chamber-Kommissioun “force publique” ugekënnegt.

Dobäi kommen nach Joreskäschte vu bis zu 15 Milliounen Euro fir den Entretien an d’Fléie mam Lëtzebuerger A400M. De Militärfliger war 2002 ënnert der CSV-DP-Regierung bestallt ginn. Ee Stornéiere vun dëser Commande wier net méi méiglech, esou den Etienne Schneider.

Lauschtert de Bäitraag vum Serge Kesseler:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen