Kannerbetreiung an Enseignement: Meisch erklärt, Gewerkschafte reagéieren

D'Betreiung vu Kanner tëscht engem an dräi Joer solle während deene Stonnen am Dag gratis sinn, wou et eng bilingual Sproocheförderung gëtt, sou d'Explikatioun vum zoustännege Minister Claude Meisch. Mëttes an Owes géing d'Betreiung weiderhi sozial gestaffelt iwwert d’Chèque Service bezuelt ginn, an och fir Kanner ënnert engem Joer ass keng gratis Betreiung virgesinn. Dem Educatiouns-, Kanner- a Jugendminister no soll dat neit Konzept an de Crèchë vun der Rentrée 2016 un gëllen.

A senger Declaratioun am Virfeld vum Budgetsdepot hat de Premier och ugekënnegt: "Am Enseignement Secondaire ginn an Zukunft nëmmen nach déi Stonnen ausbezuelt, déi och reell prestéiert ginn”. Konkret géif dat bedeiten, datt Enseignanten déi Klasse wéinst den Ofschlossexame virun der Summervakanz manner laang ënnerriichten, als Kompensatioun iwwert d'Joer verdeelt méi Stonne missten iwwerhuelen. D'Stonnen déi bis ewell bezuelt mee net prestéiert ginn, maachen dem Claude Meisch no en Equivalent vu 74 Enseignantsposten aus.

Den Interview vum Mick Entringer mam DP-Educatiouns-, Kanner- a Jugendminister:

 

Zu de Pläng vum Educatiounsminister fir am Enseignement Secondaire just déi Stonnen ze bezuelen déi reell prestéiert ginn, eng Reaktioun vum Camille Weyrich, President vun der Féduse-CGFP um Mikro vum David Winter:

 

Och d'APESS réagéiert, den Président vun der Enseignantsgewerkschaft Daniel Reding:

 

Och d’Pläng vun der Regierung fir d’Grondschoul stoussen op Kritik vu Gewerkschaftseit, dozou den Patrick Remakel, President vum SNE, der GCFP-Organisatioun fir d’Grondschoulenseignanten:

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen