Zejoert a senger éischter Ried iwwer d'Lag vun der Unioun hat de Jean-Claude Juncker de Schwéierpunkt däitlech op d'Migratioun gesat.
De fréiere Lëtzebuerger Premier huet deemools kee Blat virun de Mond geholl. Hie sot, d'Europäesch Union wier an engem schlechten Zoustand. "Et feelt an der Europäescher Unioun un Europa an un Unioun." Dës Aussoe sinn duerno vill zitéiert ginn.
Ee Joer duerno geet et der Unioun éischter méi schlecht, wéi besser. D'EU stécht nach ëmmer an der Kris an d'Memberlänner sinn dem Appell vum President net no komm.
"Europa ass déi sécher Plaz"
Den Europadeputéierte Charles Goerens ass dofir der Meenung, datt de Jean-Claude Juncker d'Ried vum leschte Joer mat méi dramatesche Wieder widderhuele soll.
Fir den DP-Politiker ass d'Behuele vun de net solidareschen EU-Staaten inakzeptabel. "Ech fannen et net an der Réi, datt d'Angela Merkel méi Kritik kritt well si Refugiéen ophëlt, wéi d'Faschisten, déi Asylheemer a Brand stiechen." Déi däitsch Bundeskanzlerin hätt d'Éier vun Europa gerett.
Leit déi virum Krich misste flüchten, missten eng sécher Plaz kréien. "An déi sécher Plaz ass Europa." Bis ewell hätt d'EU dat hikritt, mengt de Charles Goerens. Europa hätt d'Chance Aneren ze hëllefen a misst dat och maachen.
"Mir gëtt et Angscht fir déi nächst Generatioun", seet iwwerdeems d'Europadeputéiert Mady Delvaux. Si fäaert datt dat, wat hir Generatiounen an déi Generatioune virdrun opgebaut hunn, elo kéint futti goen. D'Deputéiert hofft, datt d'Memberstaate sech erëm op dat géinge besënnen, wat wichteg wier. "Wa jiddereen nëmmen nach no sech kuckt, da si mir e Vull fir d'Kaz."
Irrelevant?
Vill Politiker mengen awer net, datt d'Ried eppes wäert änneren. Esou zum Beispill den CSV-Europadeputéierte Frank Engel, dee sech näischt vun der Usprooch erwaarden. "Ech weess net wat mir elo sollten erfannen, wat mir net scho laang wëssen."
D'Ried kéint näischt dorun änneren, datt de Gruef tëscht Ost a West an Europa ëmmer méi grouss gëtt. Si wier irrelevant. Virun allem dann, wann een d'Ried géif zu Stroossbuerg halen. "Ech gesinn de Kommissiounspresident gären op Krakau an op Danzeg an op Prag an op Košice an op Bratislava goen an do eemol de Mount Rieden halen. Dat mécht hien awer net."
Eng Wonschlëscht
Wat géingen sech d'Lëtzebuerger EU-Deputéiert vum Jean-Claude Juncker wënschen?
- De Franck Engel (CSV) fuerdert eng propper Opdeelung vun de Kompetenze bannent der EU.
- Fir d'Mady Delvaux LSAP) ass et wichteg, datt an déi strukturell aarm Regiounen investéiert géif ginn.
- Fir de Claude Turmes (déi gréng) misst d'Energieeffizienz-Direktiv ëmgesat ginn, déi eng Energie-Aspuerung vun 30 Prozent virgesäit.
- Fir de Charel Goerens (DP) misst sech op d'Fro vun den Inegalitéite konzentréiert ginn.
D'Ried zejoert war ze laang. Dat hat de Jean-Claude Juncker um Ufank selwer annoncéiert. Et kann een dovun ausgoen, datt hie sech dëst Joer och net kuerz hält.