Sträit tëscht Promoteuren Juristesch Néierlag vum Eric Lux géint de Flavio Becca

Am Uerteel vum 22. Februar huet d'Handelsgeriicht der Gesellschaft vum Promoteur Flavio Becca an éischter Instanz a grousse Linne Recht ginn. Hannergrond ass e jorelaange Sträit iwwer d'Proprietéitsverhältnisser am Immobiliefong Olos Fund. De Pol Urbany, ee vun den Affekote vum Groupe Becca, schwätzt vun engem "totale KO fir den Eric Lux an der éischter Ronn". 

Jean-Claude Franck

Justiz
© Bigstock.com

"Ikodomos, d'Gesellschaft vum Eric Lux, huet fënnef mol méi verlaangt, wéi si eigentlech zegutt hat", esou de Pol Urbany, Affekot vum Groupe Becca. Duerch d'Uerteel géif den Eric Lux "e gedreemtent Verméigen an Héicht vun e puer Honnert Milliounen Euro" verléieren. 

Am Uerteel schreiwen d'Riichter, de Kontrakt vun Enn 2010 géif de Behaaptunge vun Ikodomos widderspriechen: "Aucune mention, ni réserve n'est faite dans ce contexte de la parité financière". D'Handelsgeriicht berifft sech e.a. op de Passage am Kontrakt, an deem festgehal gouf : "Par rapport à la situation patrimoniale des promoteurs ayant prévalu avant les opérations de transfert du patrimoine au Fonds, ces opérations ne devront ni enrichir ni appauvrir les promoteurs au détriment, respectivement au profit de l'autre promoteur".

Manipulatioun vun de Kontrakter ? 

D'Geriicht verwerft och eng zweet Versioun vum Kontrakt, op déi d'Affekote vun Ikodomos sech beruff hunn. Nom Vote am Verwaltungsrot vum 16. November 2010 wier de Kontrakt zwar "substantiell" geännert ginn, well de Kontrakt op eemol net méi onendlech gewiescht mä den 31.12.2012 ausgelaf wier, mä déi Ännerung wier komescherweis guer net kommentéiert ginn, se wier kontradiktoresch an net an der Philosophie vum Rescht vum Kontrakt. D'Geriicht hält et fir wahrscheinlech, datt d'Signatairen de Kontrakt bei der Ënnerschrëft net nach eng Kéier in extenso duerch gelies hu well den Text zwee Deeg virdrun am Verwaltungsrot gutt geheescht gouf. Wien den Text an deem kuerzen Zäitraum op engem wesentleche Punkt geännert huet, an ob et sech méiglecherweis em eng illegal Modificatioun handelt, bleift onkloer.

Eng vun de Konsequenze vum Uerteel vun dësem 22. Februar ass, datt en Administrateur ad hoc designéiert gouf fir d'Besëtzverhältnisser am Olos Fund den Accorde vun Enn 2010 unzepassen. D'Affekote vum Flavio Becca haten dat gefuerdert, well d'Situatioun wéinst dem Sträit tëscht den zwee Promoteure blockéiert war. 

D'Uerteel soll direkt ëmgesat ginn, also och wann Ikodomos géif an Appel goen.

Den Olos Fund ass e.a. Promoteur vum groussen Immobilieprojet "Ban de Gasperich".

De Patrick Kinsch, ee vun den Affekote vum Eric Lux, war bis elo net fir e Kommentar z'erreechen. 

 

De ganzen Interview mam Affekot Pol Urbany fir ze lauschteren :

 

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen