Juncker: Propos fir Ëmverdeelung vu Flüchtlingen
De Jean-Claude Juncker plädéiert fir verbindlech Quote fir d'Verdeelung vun de Flüchtlingen an Europa. A senger Riet zur Lag vun der Unioun rifft de Komissiounspresident zu méi Solidaritéit op.
[caption id="attachment_9339" align="aligncenter" width="604"]
© European Union 2015 - EC, Leguerre Johanna[/caption]
D’EU-Kommissioun proposéiert verbindlech Quote fir d’Ëmverdeelung vun zousätzlechen 160.000 Flüchtlingen an de Memberstaten. Dat sot de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker de Moie bei senger éischter Ried zur Lag vun der Unioun zu Stroossbuerg. Et wier eng Fro vun der Mënschlechkeet a vun der Dignitéit.
Griicheland, Ungarn an Italien kéinte mat der Laascht net eleng gelooss ginn. Bis elo géif et ze wéineg Solidaritéit ginn. D’EU Memberstate sollen e Méindeg op engem Treffe vun den Innen- a Justizministeren iwwert d’Proposë vun der EU Kommissioun decidéieren.
De Jean-Claude Juncker huet donieft dofir plädéiert, datt Réfugiéë scho während hirer Asylprozedur d’Recht kréien, schaffen ze goen. An hien huet d’EU-Memberlänner opgeruff, déi gemeinsam Standarde fir den Accueil vun den Asil-Demandeuren ëmzesetzen.
Den EU-Kommissiouns-President plädéiert fir eng Ännerung vun der Conventioun vun Dublin. Bis elo hunn d’Persounen den Asyl an deem EU-Land missten ufroen, wou se fir d’éischt ukoumen. Griicheland, Italien oder Ungarn sinn dowéinst iwwerlaascht.
Wat d’Prozeduren ugeet, fuerdert de Jean-Claude Juncker eng gemeinsam Lëscht vun de sougenannte séchere Länner.
Uganks 2016 wëllt d’EU-Kommissioun eng Propos maache fir déi legal Migratioun an der EU ze geréieren.
Reaktioun vum Claude Turmes
Vum Claude Turmes gouf et Luef fir d’Ried vum Jean-Claude Juncker. Den Europadeputéierte vun déi Gréng sot, datt de Kommissiounspresident a senger patetescher Ried Hoffnung gemaach hätt an dëse schwieregen Zäiten.
De Problem an der Flüchtlingskris wier souwisou net d’EU-Kommissioun gewiescht, mä grouss Memberstate wéi Däitschland a Frankräich, déi sech laang net beweegt hätten. No der Ried vum Jean-Claude Juncker hofft de Claude Turmes op d’Solidaritéit vu all den EU-Memberstaten.