Juncker-Kommissioun

JCJ-300x225.jpg

Den designéierte President vun der EU-Kommissioun Jean-Claude Juncker huet haut d’Verdeelung vun de Ressorte vu senger neier Ekipp zu Bréissel presentéiert: Ouni grouss Iwwerraschungen kréien de franséische Commissaire Pierre Moscovici de neie Ressort "Wirtschaft a Finanzen, Steieren an Douane" an den däitschen EU-Energie-Commissaire vu bis elo Günther Oettinger "Digital Wirtschaft". Den aneren grousse Ressort vun der Banke-Reguléierung geet un den Jonathan Hill aus Groussbritannien, engem sougenannten Euro-Skeptiker. A nei riets Hand vum Jean-Claude Juncker gëtt den hollänneschen Ausseminister Frans Timmermans.

Déi nei Kommissioun kritt dann och 7 Vize-Presidenten, dorënner wéi scho gewosst, déi designéiert EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini. D’Vize-Presidenten sollen, an Zukunft – an dat ass nei - d’Aarbechten vun de Commissairen leeden a koordinéieren... Zil wier, dass d’Kommissioun soll méi koordinéiert a ressort-iwwergräifend schaffen, sou de Jean-Claude Juncker.

 

Anescht wéi de fréiere Lëtzebuerger Premier sech och als säin Zil gesat hat, ass d'Fraequot mat 9 Kommissärinnen, net méi héich wéi ënnert der leschter Kommissioun.

Déi nei EU-Kommissioun soll Ufank November ufänke mat schaffen. D’Europaparlament an den EU-Conseil musse nach gréng Luucht ginn.

De Bäitrag vum Pia Oppel:

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen