Juncker ass neie President vun der EU Kommissioun

Photo-jcj-blog-300x224.jpg

D'Europaparlament huet fir de Jean-Claude Juncker als neien President vun der EU-Kommissioun gestëmmt. De fréiere Lëtzebuerger Premier krut 422 Stëmmen. Fir gewielt ze ginn waren der 376 néideg. 250 EU-Députéiert hu géint hie gestëmmt. De Jean-Claude Juncker gëtt also Nofolger vum José Manuel Barroso als Chef vu ronn 33.000 EU-Beamten.

De President vum Europaparlament Martin Schulz no der Annonce vum Resultat vum Vote zu Strossbuerg

 

A senger Ried vu 50 Minutten huet de Jean-Claude Juncker de Moie säi Programm fir déi nächst fënnef Joer presentéiert, e Programm ënnert dem Titel  “E neie Start fir Europa: Mäin Agenda fir Aarbechtsplazen, Wuesstem, Gerechtegkeet an Demokratesche Changement.”

De Bäitrag vum François Aulner:

 

Bis den 1. November muss déi nei EU-Kommissioun stoen. Vu muer un féiert de Jean-Claude Juncker Gespréicher mat de Regierungen vun den eenzelne Memberstaten fir déi 27 EU-Kommissären ze designéieren.

 

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen