Jo Kox: "Casino a Mudam musse complementaire bleiwen"

Den zäitgenëssesche Konschtforum “Casino” an de Musée fir modern Konscht “Mudam” musse complementaire bleiwen, sou den Direkter vum Casino am 100,7-Interview. De Jo Kox hält eng komplett Fusioun vu béiden Haiser dowéinst fir keng gutt Iddi. Mat engem bescheidene Budget, a mat punktuelle Synergien um artistesche Plang kéinten de Mudam an de Casino elo eng Diversitéit garantéieren, déi an der Konschtzeen och am Ausland op Respekt stéisst. Hien selwer wier bis ewell och nach net zu dëser Fro consultéiert ginn, sou nach de Jo Kox. Hien hätt awer am pluriannuelle Budget entdeckt, datt de Casino 2018 op ee Coup bal 10 Prozent manner Suen soll kréien, doropshin hätt hien sech d'Fro gestallt, ob d'Regierung effektiv eng Fusioun plangt.

Am Kader vun hirem Spuer- a Steierpak plangt d’Regierung Synergien am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht (Mesure 36 am Zukunftspak). Domadder ass eng Fusioun vu Mudam a Casino gemengt, hat d’Lëtzebuerger Land e Freide geschriwwen. Dëst wier effektiv eng Piste, decidéiert wier awer nach näischt, krute mir op Nofro hinn am Kulturministère gesot.

Den Interview vum Pia Oppel mam Jo Kox:

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen