Rakéiten-Aschlag a Polen Jens Stoltenberg: "Russland dréit eleng d'Responsabilitéit"

D'Rakéit, déi en Dënschdeg am Nomëtten an ee polnescht Duerf ageschloen ass, wier kee gezielten Ugrëff vu Russland op den NATO-Memberstaat Polen gewiescht. D'Rakéit hätt, éischten NATO-Ënnersichungen no, héchstwarscheinlech zum ukrainesche Loftofwiersystem gehéiert. Och de polnesche President Andrzej Duda huet dës Ausso gedeelt.

Jo Diseviscourt / sam

Leaderen op dem G20 beroden iwwer d'Situatioun a Polen nom Rakéiten-Aschlag.
Leaderen op dem G20 beroden iwwer d'Situatioun a Polen nom Rakéiten-Aschlag. Foto: picture alliance/dpa/Bundesregierung | Steffen Hebestre

Lauschteren


Schonn um Mëttwoch de Moien huet et aus dem polneschen Ausseministère geheescht, datt et sech héchstwarscheinlech ëm eng Rakéit aus russescher Produktioun géif handelen.

D'Rakéit wier aus dem ukrainesche Loftofwiersystem

Effektiv hunn och éischt Fotoen dorop higewisen, datt et sech ëm eng Rakéit vum Fluchofwiersystem S-300 géif handelen. Dëst si sowjetesch Rakéiten, déi zu engem groussen Deel beim ukrainesche Loftofwiersystem zum Asaz kommen.

D'Ukrain wiert domat russesch Loftattacken of. Den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet ënnerstrach, datt d'Ukrain net Schold wier:

"Russland dréit eleng d'Responsabilitéit, well si den illegale Krich géint d'Ukrain viruféieren. D'NATO ass gëeent a mir wäerten ëmmer alles maache wat néideg ass, fir eis alliéiert Memberen ze verdeedegen an ze beschützen."

D'Ermëttlungen zum Virfall wieren nach amgaangen, mee et géifen awer keng Hiweiser ginn, datt Russland eng militäresch Offensiv op d'NATO géif plangen, esou nach de Jens Stoltenberg.

Zwou Persoune sinn ëmkomm

De Bauerenhaff, op deem d'Rakéit ageschloen ass, läit manner wéi zéng Kilometer vun der Grenz mat der Ukrain ewech. Bei der Explosioun sinn zwee polnesch Staatsbierger ëm d'Liewe komm.

De Moie schonn hat den US-President Joe Biden um Bord vum G20-Sommet matgedeelt, datt wann een d'Trajectoire vun der Rakéit analyséiert, et "onwarscheinlech" wier, datt se aus Russland ofgeschoss gi wier.

Um Dënschdeg koum et de ganzen Dag iwwer an der Ukrain zu russeschen Rakéitenugrëffer.

Russland schwätzt vun "gezielter Provokatioun"

Russland huet vun Ufank un dementéiert, fir d'Rakéit responsabel ze sinn, an huet vun enger "gezielter Provokatioun" geschwat, fir d'Situatioun zum eskaléieren ze bréngen.

Gläichzäiteg ass déi polnesch Arméi an Alarmbereetschaft versat ginn, a se verstäerkt hir Presenz un der ukrainescher Grenz.

Den Artikel véier vum NATO-Vertrag misst iwwerdeem villäicht net declenchéiert ginn, esou Polen. Dëse gesäit vir, datt d'NATO-Memberstaate sech beroden, falls d'Sécherheet oder d'Onofhängegkeet vun engem NATO-Member a Gefor ass.

Méi zum Thema

Schëff Hafen Kären Odessa
No Verhandlungserfolleg

Déi éischte Kéier zënter dem Ufank vum russesche Krich an der Ukrain huet de Méindeg de Moien ee Schëff mat Kären den Hafe vun Odessa verlooss. Dem tierkesche Verteidegungsministère no wier d'Schëff a Richtung Libanon ënnerwee.

Chamber a Selenskyj
Krich

D'Lëtzebuerger Parlament huet weider Waffe-Liwwerungen un d'Ukrain decidéiert. Dat ass een zentrale Punkt aus enger Chamber-Motioun, nodeems den ukrainesche President sech un d'Deputéiert geriicht hat.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen