Jeannot Krecké zu Konflikt Ukrain - Russland
De Gas-Sträit tëschent der Ukrain a Russland ass net geléist an de Konflikt am Oste vun der Ukrain geet virun: am dësem Kontext hunn de russesche President Wladimir Putin an den neie ukrainesche Staatschef Petro Poroschenko eng éischte Kéier mateneen telefonéiert. Dat huet de Kreml zu Moskau haut matgedeelt.
Wéi gesäit ee Lëtzebuerger, dee regelméisseg geschäftlech a Russland ass, d’Krise tëschent Moskau a Kiew? Dat huet de Serge Kesseler beim Jeannot Krecké nogefrot : de fréiere Minister ass Member an de Verwaltungsréit vun ArcelorMittal a vu Sistema: zur gréisster privater russescher Investmentgesellschaft gehéieren 20 grouss Entreprisen, dorënner d’Bank East West United, déi och hei am Land aktiv ass.