Lëtzebuerg ass bei dësen 33. Olympesche Summerspiller zu Rio mat eelef Sportler (dorënner ee Flüchtling) an engem Staff vu 17 Begleeder vertrueden. L’important, c’est de participer? "Dat ass largement net de Fall", sot de Vize-President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité (COSL) am Gespréich mam Christiane Kleer. Dem Jean-Louis Margue no sollten d’Athlete weisen, wat se drop hunn.
"Mir erwaarden net, datt mer mussen e Coffre-Fort op enger Bank loune fir d’Goldmedailen dran ze leeën", relativéiert hien d’Ambitiounen. Villméi sollten d’Sportler probéieren, un hir Beschtleeschtungen erun ze kommen oder doriwwer eraus. "Déi meescht vun hinne sinn op engem Niveau wou se an der éischter Hallschecht kënne matmaachen". Op de Opgrond vun hire respektive Weltranglëscht-Positiounen géif een déi meeschten Hoffnungen an de Gilles Müller (Tennis) an d’Christine Majerus (Cyclissem) setzen.
"De COSL hat iwwerhaapt näischt matzeschwätzen"
Wat de Kampf géint Dopping betrëfft, wieren d’Lëtzebuerger Sportler forméiert an informéiert, seet de Jean-Louis Margue. "Mir ginn dovunner aus, datt se dat maache wéi se sollen". Zu Lëtzebuerg wier e ganze Prozess amgaangen, d’Sportler géife medezinesch suivéiert gi fir eventuell Anomalitéite festzestellen. Zousätzlech géife se um internationale Niveau getest ginn.
D’Decisioun vum Internationalen Olympesche Comité (IOC) fir Russland trotz staatlech organiséiertem Dopping net auszeschléissen, wier "um ieweschte Niveau fir se alleguer" geholl ginn, seet de COSL-Vizepresident. "De Lëtzebuerger Olympesche Comité hat iwwerhaapt näischt matzeschwätzen". Perséinlech mengt hien, "datt et vill méi einfach ass vun engem partielle Bléckwénkel aus kritesch ze sinn, wéi wann ee selwer d’Verantwortung muss droen". Do géife vill verschidde Saache mat era spillen.
"Natierlech wier dat e staarkt Zeeche géint den Dopping gewiescht, mee mat Konsequenzen op déi individuell Sportler". De Prinzip vun der duebeler Strof (zweemol noenee fir dee selwechten Doppingdelikt gestroft ginn) wier vun engem Geriicht gekippt ginn. Dat ënnerstëtzt de Jean-Louis Margue: "wann een op eng Illegalitéit mat enger anerer Illegalitéit – Beispill: Kollektivstrofen – äntwert, 'bonjour les dégâts'".
"No de Spiller steet Rio besser do wéi virun de Spiller"
Wéi esou dacks gouf et am Virfeld och vun dëse Summerspiller zu Rio eng Rei Polemiken. Retarden? "Ech menge schonn, datt se duerchaus gutt organiséiert ginn", och wann alles um leschte Stëppel fäerdeg gi wier, sou de Jean-Louis Margue. Waasserverschmotzung? "Do ass manifestement net genuch gemaach ginn, (...) no eise Standarden".
Iwwer Korruptioun géif bei "grousse Saachen" ëmmer erëm diskutéiert ginn. Däitschland wier do vill méi kritesch wéi Frankräich, fënnt de Vizepresident vum COSL. "Elo kann een dat och erëm an e gewësse Kontext setzen. D’Fransousen hätte gär déi nächst Spiller, déi mussen accordéiert ginn, op Paräis".
Déi héich Investitioune vun de Brasilianer kéinten duerchaus ee positiven Impakt hunn. Och sozial Ënnerscheeder tëschent Aarm a Räich méi kleng maachen? Dat wier "eng aner Saach". D’Ausso vum IOC-President Thomas Bach, datt "no de Spiller Rio besser do stoe wäert wéi virun de Spiller", géif de Jean-Louis Margue jiddefalls ënnerschreiwen.