Medielandschaft ALIA huet sech "zimmlech béie gelooss"

De Wort-Chefredakter kritiséiert, datt d’ALIA de Projet "L'Essentiel Radio" accordéiert huet. Am Gespréich mam Mick Entringer beschreift de Jean-Lou Siweck och d'Beméihunge vun der gréisster Lëtzebuerger Dageszeitung fir onofhängege Qualitéitsjournalismus am digitalen Zäitalter ze liwweren.

Mick Entringer / po

Jean-Lou Siweck
(©Guy Wolff)

2014 hat déi onofhängeg Medienautoritéit ALIA de Projet vun engem franséischsproochege Radio tëscht dem Grupp Saint-Paul an CLT-Ufa (dem Mammenhaus vun RTL) wéinst “position dominante sur le marché” verworf. Deemools hätt d'ALIA "grouss ugesat", kommentéiert de Jean-Lou Siweck, mee dono hätt de Regulateur sech “zimlech béie gelooss”.

L'Essentiel Radio, ee gemeinsame Projet vun MUST FM, Tamedia, Editpress an CLT-Ufa krut elo den Accord fir déi fréier Frequenz vum DNR 107,7 mat engem franséischsproochege Programm z'iwwerhuelen. Dem Jean-Lou Siweck no hätt d'ALIA awer déi dominant Positioun vum Mediegrupp Editpress um franséischsproochege Maart-Segment misse berücksichtegen. Editpress hätt an deem Beräich zu Lëtzebuerg e Quasi-Monopol.

Net “Schëmmel a Bless” vernannt ginn

Ouni den Ofbau vun de Käschten a schmäerzvoll Sozialpläng beim Grupp Saint Paul géing d’Wort haut wahrscheinlech keng schwaarz Zuele schreiwen, esou de Jean-Lou Siweck, deen zanter zwee Joer beim Wort ass.  D’Dageszeitung huet sech inhaltlech nei opgestallt. “Qualitéitsjournalismus steet am Mëttelpunkt, an dee kascht eppes”, seet hien.

Zënter September muss ee verschidde Wort-Artikelen um Internet bezuelen. Et hätt kënne sinn, datt een dofir op de sozialen Netzwierker an a Lieserbréiwer “Schëmmel a Bless” vernannt gi wier. Dat wier awer net geschitt. D'Lieser géife verstoen, dass och hannert Online-Artikele Leit stinn, déi gär eng Pai hätten. Dat hätt ee mat e bëssen Erstaune festgestallt.

De Lëtzebuerger Marché wier ze kleng fir den Online-Optrëtt vun enger Zeitung reng iwwer Publicitéit ze finanzéieren, déi sech un de Klick-Zuelen orientéiert. De Lieser misst also bereet sinn ze bezuelen.

Por-Blat oder national Zeitung

An der Vergaangenheet gouf et eng gewësse Proximitéit tëscht dem lëtzebuerger Wort an der CSV. “Dat hat och e gewëssene Reiz, wann een net genau weess, wien wiem seet wat en ze soen oder ze denken huet: D’Zeitung der Partei, oder d’Partei der Zeitung”. Politeschen Drock vu bausse géing hie vu senge Journalisten ofhalen, seet de Wort Chefredakter. Och wann dat Verschiddene net géing gefalen.

Och de Bistum, den Haaptaktionär vu Saint-Paul, gräift dem Jean-Lou Siweck no net méi redaktionnell an d’Zeitung. Zu engem gewëssenen Zäitpunkt wär decidéiert ginn, fir kee Por-Blat ze sinn, mee eng national Zeitung.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

l'essentiel radio.jpg
L'Essentiel Radio

Mëtt Februar soll zu Lëtzebuerg en neie franséisch-sproochege Radiosender op Antenn goen – eng Première. Wéi ass et dozou komm? Virun allem stelle sech Froen iwwert d'Bedeelegung vun RTL.

20150917-press+online-1000466.jpg
Pressehëllef

Verschiddene Medievertrieder no, géing d’Regierung doriwwer nodenken nieft der finanzieller Ënnerstëtzung fir Zeitungen eng weider Pressehëllef fir Internet-Medien anzeféieren.

Siweck Koedinger Graf (1 of 1).JPG Riicht Eraus
Pressehëllef fir Online-Medien

De Jean-Lou Siweck (Wort), de Mike Koedinger (Maison Moderne) an de Richard Graf (woxx) waren d'Invitéen an der Emissioun Riicht Eraus.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen