Jean-Claude Juncker: Keng Kandidatur bei den Europawahlen
De Jean-Claude Juncker wëll den Ament net iwwer weider Schrëtt a Bezuch op Griicheland, wéi beispillsweis e Scholdeschnëtt, spekuléieren. D’Europawahlen am Mee sinn an deem Zesummenhang keen zentrale Moment, sou de fréiere Premier an Eurogrupp-President no senger Entrevue zu Bréissel mam EU-Rotspresident Herman Van Rompuy. Béid Chrëschtdemokraten hunn sech offiziell iwwert d’Zukunft vun der Europäescher Unioun ënnerhalen.
De Jean-Claude Juncker gesäit sech vun de Chamberwahle genuch legitiméiert: bei den Europawahlen am Mee wëll hien net op d’CSV-Lëscht, och wann hien fir en europäesche Spëtzeposte sollt kandidéieren.
Dass d’CSJ sech an der Lescht méi zu Wuert mellt iwwert d’Zukunft vun der Partei, hält den CSV-Fraktioun’s-Chef fir "normal".
An de Jean-Claude Juncker ass net der Meenung, datt een an der Affär em d’Staatssekretärin Francine Closener vu politeschem "Faux-Pas" ka schwätzen. Op säin eegenen Déngscht-Auto mat Chauffer ugeschwat sot den CSV-Fraktiounschef a fréiere Premier, datt hien sech net um Radio iwwer seng Sécherheetsproblemer wëll ënnerhalen.
Lauschtert de ganzen Interview mat de Froe vum Michel Delage: