Bilan Immigratioun Jean Asselborn: Méi Accueilscapacitéiten néideg

Iwwer 12.000 Mënschen hunn an de leschte sechs Joer Asyl hei am Land ugefrot. Ronn 4.000 Leit goufen an deem Zäitraum als Flüchtlingen unerkannt. Fir den Hebergement vun den Demandeurs de protection internationale ass zanter Ufank vum Joer den Office national de l'accueil zoustänneg. Fir dëst Joer huet dësen ONA e Budget vu bal 77 Milliounen Euro. Am Ganze ginn et de Moment 55 Hebergementsstrukture mat ronn 4.000 Better an 32 Gemengen. Bei der Presentatioun vum Bilan am Beräich Asyl, Immigratioun an Accueil den Dënschdeg gouf däitlech, datt et e Problem bleift, fir d'Asyldemandeuren an déi unerkannte Flüchtlingen hei am Land ënnerzebréngen.

Serge Kesseler / cz

Jean Asselborn Pressekonferenz iwwer Immigratioun
De Jean Asselborn den Dënschdeg op der Pressekonferenz iwwer Immigratioun an Asyl

D'Logéiere vun den unerkannte Flüchtlingen - mee net nëmme vun hinnen - géif ganz schwiereg ze bleiwen, huet de Minister Jean Asselborn festgestallt. Néideg wier eng "gewëssen Dynamik" an dësem Beräich. Den neie Logementsminister hätt him seng Ënnerstëtzung an deem Punkt zougeséchert, sou den Ausseminister.

De Jean Asselborn huet och den Appell un d'Gemenge widderholl fir Terrainen zur Verfügung ze stellen, fir zousätzlech Hebergementsstrukture fir Asyldemandeuren. "Wann eng Gemeng eis zéng Ar zur Verfügung stellt - zéng Ar, dat ass jo net der Däiwel. De Staat riicht alles selwer op, dat sinn Unitéite fir 34 Leit, déi dann do ra kommen. Mee de politesche Wëlle muss natierlech do sinn", sou de Jean Asselborn.

Dem Asyl- an Immigratiounsminister no géifen et a verschiddene Gemenge Fortschrëtter fir nei Strukture ginn. Zu Esch wier eng Struktur mat 150 Better opgemaach ginn an um Briddel eng mat 43 Better. De Jean Asselborn ass zouversiichtlech, datt d'Strukturen zu Käerjeng an zu Mäertert (64 Better) nach dëst Joer kéinten opgoen.

Et gi weider Logementsstrukture gebraucht

Fir een héijen Niveau vu Migratiouns- a Flüchtlingspolitik kënnen ze halen, wieren Accueilscapacitéiten néideg, huet de Minister ënnerstrach. "Wa mir déi net hunn, dann deet et mir Leed, da kann een dee beschte politesch Wëllen hunn, mee wann een d'Leit net anstänneg kann ënner Daach bréngen, dann ass een natierlech blockéiert."

Beim Bilan a Saachen Asyl, Immigratioun an Accueil hätt de Logementsproblem hie wéi all Joer markéiert, sou gëschter den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement. Dëse Problem géif net just d'Demandeurs de protection internationale (DPI) oder d'Bénéficiaires de protection internationale (BPI) treffen, mee och d'Lëtzebuerger. "An ech mengen, et gesäit een un enger Auslaaschtung vun iwwer 80 Prozent vun de Flüchtlingsstrukturen [...], datt et do een décken Drock gëtt, an datt dat net besser doduerch gëtt, datt mer eng ugespaante Lag um Wunnengsmaart hunn", sou den Deputéierte vun de Piraten.

40 Prozent vun de Leit, déi an de Strukture wunnen, missten u sech op de fräie Wunnéngsmarché, erkläert den Deputéierten. "Ech weess awer net, wou mer deenen eng Wunneng sollen aus dem Stee schloen. An ech mengen, dat ass de groussen Challenge net nëmmen am Accueil an der Integratioun vu Flüchtlingen, mee insgesamt fir Lëtzebuerg, datt mer dee Wunnengsproblem endlech mussen an de Grëff kréien."

Änlech gesäit dat den Claude Wiseler. "Wann een Deel vun hinnen dann den definitive Statut kritt huet, wéi logéiere mer si, wéi integréiere mer si?", freet den CSV-Deputéierten.

De Leit hëllefen, sou séier wéi méiglech komplett eegestänneg ze liewen

Bei dëser Integratioun géif säi Ministère enk mam Familljeministère a mat den zoustännege Servicer vu Caritas a Roudem Kräiz zesummeschaffen, sou de Jean Asselborn.

"Datt mer de Leit een Incentive ginn, datt dee Moment, wou si de Statut hunn - dat musse si wëssen - da kann een net einfach nach e Joer do hänke bleiwen an näischt maachen. Déi Leit musse beweisen, datt si sech d'Méi gi fir e Logement ze fannen, wéi gesot mat deenen Organisatiounen, déi hëllefen. [...]"

Dës Leit missten encouragéiert gi fir eng Sprooch ze léieren, eng Aarbechtsplaz ze fannen an e Logement ze kréien, sou den Asyl- an Immigratiounsminister. Fir hie wier et "selbstverständlech", datt déi Leit, déi de Statut hunn, och an der Flicht wieren, fir e Loyer ze bezuelen. Si hätten déi selwecht Rechter a Flichten, wéi all Mënsch zu Lëtzebuerg. "Do gëtt et eng 15 Prozent, déi e wéineg oder vill Problemer do hunn", sou de Minister. An dëse Fäll misst - wann néideg - d'Justiz tranchéieren, sou de Jean Asselborn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean Asselborn-1
Aussepolitik

De Jean Asselborn gleeft net wierklech drun, datt d'Propos, déi de Boris Johnson a senger Ried haut Dënschdeg um Kongress vun den Tories wëllt maachen, en Auswee aus der Brexit-Sakgaass bréngt.

De Jean Asselborn am Afghanistan
International Politik

De Jean Asselborn war fir eng Aarbechtsvisite an Afghanistan. Hien hat Gespréicher mam afghanesche President, mam Ausseminister a mam NATO-Vertrieder. Theme ware Friddensgespréicher a Presidentschaftswahlen.

Jean Asselborn um Ausseminister-Conseil, 16.07.2018
EU-Politik

D'EU muss dru schaffen intern nees eng Gemeinschaft hierzestellen, seet de Jean Asselborn am 100,7-Interview. Dat wier den Ament net de Fall, dat géif een ënner anerem un der Migratiounpolitik gesinn, sou den Ausseminister.

Sebastian Kurz
Politik

Dësen EU-Sommet markéiert ee Revirement an der EU-Politik. An de Konklusiounen huet sech de Langage vun enger méi repressiver Migratiounspolitik duerchgesat. Et ass awer zimlech onkloer, wéi eng vun de Mesurë jeemools wäert ëmgesat ginn.

Jean-Claude Franck Analys
Politik

Den EU-Sommet vu virum Weekend huet et gewisen. Et geet net méi ëm d'Asypolitik, mee ëm d'Zukunft an den Zesummenhalt an der Europäescher Unioun.

Refugiéën bei Moria op Lesbos
EU-Sommet

Et gëtt e Rietsruck an der EU-Migratiounspolitik. Et geet manner ëm d'Ëmverdeelung vu Refugiéen, dofir méi ëm d'Protektioun vu Baussegrenzen. Een Haaptzil schéngt et ze sinn, datt esou manner Refugiéë kommen.

Eldorado 2.JPG
Filmfestival 2016

D'portugisesch Immigratioun kritt elo hir Plaz am Kino. "Eldorado" weist  ënnerschiddlech Geschichte vu Mënschen, déi zu Lëtzebuerg hiert Gléck sichen. Den Documentaire evitéiert dobäi all Klischeeë.

Group of People Waving Portuguese Flags in Back Lit Concept
Migratioun

D’Portugise sinn déi gréissten auslännesch Communautéit zu Lëtzebuerg. Iwwer d'Hannergrënn vun der Migratioun gëtt wéineg geschwat. D’Uni Lëtzebuerg hat eng akademesch Konferenz zum Sujet organiséiert.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen