Jean Asselborn : am Hierscht kéint eng zweet Well vun 32 Flüchtlingen aus Syrien hei am Land opgeholl ginn.
D’ASTI wonnert sech iwwert d’Zréckhalung vun der Regierung fir syresch Flüchtlingen opzehuelen: d’”Association de soutien aux travailleurs immigrés” stellt d’Fro, op Lëtzebuerg seng Responsabilitéiten iwwerhëlt, vue datt een Drëttel vun der syrescher Populatioun huet musse flüchten. D’ASTI erënnert drun, datt de Grand-Duché Mëtt Abrëll 28 syresch Flüchtlingen opgeholl huet: geplangt war, datt et der 60 hätte solle sinn.
De Vize-President vun Amnesty International Lëtzebuerg, de Frank Wies hat gëschter hei op der Antenne, d’Efforte vu Lëtzebuerg fir syresch Flüchtlingen opzehuele, “relativ schappeg” genannt. D’Zuel vu Flüchtlingen, déi an Europa opgeholl gi, misst rasant an d’Lut goen. Bei Amnesty geet een dovun aus, datt ronn 300 Syrer op Lëtzebuerg geflücht sinn : de Gros wier net iwwert de reguläre Wee komm.
Eng Zuel, déi den Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn net ka confirméieren. Diemnächst kéinten awer weider syresch Flüchtlingen hei am Land opgeholl ginn. Serge Kesseler.