Iwwerlaaschte Flüchtlingsaccueil zu Tréier
Zu Tréier an den Ariichtungen, déi Flüchtlingen ophuelen, stinn déi Responsabel de Moment virun engem grousse Problem: All Dag kommen ëm déi 200 nei Flüchtlingen un an d’Ariichtunge sinn iwwerfëllt. Och Zelter fir d’Flüchtlinge ginn et net méi genuch. Vill vun hinne mussen dowéinst dobausse schlofen.
Et wier schwéier mat unzekucken, wéi prekär d’Lag sech entwéckelt hätt, seet d'Linda, dat als Benevol an der "KaffeTeestube" am Flüchtlingslager schafft. Alleguer d’Mataarbechter an der Flüchtlingsariichtung wieren iwwerfuerdert. Vill Flüchtlinge wieren traumatiséiert a missten am Fong psychologesch betreit ginn. Tëschent de Flüchtlingen aus ënnerschiddleche Länner breeden sech Konflikter aus. Een albaneschen Asyldemandeur seet, dass Leit aus Länner wou kee Krich ass, sech diskriminéiert fillen.
De Mateusz Buraczyk, deen zanter e puer Joer fir déi Lénk zu Tréier schafft a sech fir d’Flüchtlingen asetzt seet, dass hie schonn oft an der Ariichtung zu Trier Nord war. Esou schlëmm wéi bis elo wier et awer nach ni gewiescht: "Ech sinn schockéiert. Sou Biller kennen ech am Fong nëmmen aus Flüchtlingslager vu ganz wäit ewech. Et gi keng Iwwersetzer, déi de Leit erkläre wat se fir Méiglechkeeten hunn. Et ass eng Katastroph."
De "Ministerium für Integration, Familie, Kinder, Jugend und Frauen Rheinland Pfalz" huet an engem Communiqué annoncéiert, dass d’Land Rheinland Pfalz elo kuerzfristeg d’Kapazitéiten erhéicht, fir d’Flüchtlingen ënnerzebréngen. En Deel vun de Flüchtlinge soll vun Tréier op Hermeskeil, op Hahn an op Ingelheim bruecht gi fir d’Situatioun zu Tréier ze entlaaschten. Et bréicht ee vum zoustännege Bundesamt och eng nei Prognose fir d'Zuel vun den Asyldemandeuren dëst Joer. Den Alldag géing weisen, dass däitlech méi wéi déi erwaarten 20.000 Flüchtlingen an dësem Joer a Rheinland Pfalz ukommen.
Den Dossier vum Tessy Steffen-König:



