Gewerbeinspektioun ITM: Méi Kontrollen, méi Amenden a méi héich Geldstrofen
D'ITM huet d'lescht Joer 8.500 Kontrollen an zousätzlech 2.900 Kontrolle wéinst de Covid-Gesetzer gemaach, 10.000 Verstéiss goufen heibäi festgestallt. Well déi meescht regulariséiert goufen, goufen am Endeffekt just 2.300 Strofen ausgeschwat.

D'Roll vun der Gewerbeinspektioun wier awer net fir ze bestrofen, mee fir Betriber a Salariéen ze hëllefen, seet den Direkter vun der ITM Marco Boly.
2021 goufe Strofen an der Héicht vun 9,24 Milliounen Euro ausgeschwat, geet aus dem Joresbilan vun der ITM ervir. Déi meescht - 6,6 Milliounen Euro, si Protokoller am Zesummenhang mam Detachement, seet de Marco Boly: pro Infraktioun a pro Salarié géif d'Strof bei 2.500 Euro leien. "Doduercher kommen déi Montanten zesummen" erkläert den Direkter vun der ITM.
ITM kontrolléiert Tunnellen
Zanter dem 1. Oktober gëtt et en neie Service bei der Gewerbeinspektioun, deen d'Sécherheet an den Tunnelle kontrolléiert, déi méi laang ewéi 500 Meter sinn. Dorënner fält zum Beispill d'Ventilatioun, erkläert de Marco Boly.
D'ITM wier hei d'Kontrollinstanz a géif Ponts et Chausées iwwer d'Schëllere kucke fir zesummen ze kontrolléieren, datt d'Tunnellen de Sécherheetsstandarden entspriechen.
An d'Zoustännegkeet vum neie Service falen d'Tunnelle Markusbierg, Munneref, Stafelter, Grouft, Gousselerbierg, Miersch a Micheville.