Medezin Impfstoffer: Phaseweis gouf et Enkpäss

De Besoin vun der Populatioun u Grippeimpfunge misst der Santésdirektioun no gedeckt sinn. Fir dës Grippesaison huet Lëtzebuerg 77.500 Dosisse Vaccin geliwwert kritt, esou den Dokter Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santésverwaltung. Et géif keng Rupture de stock ginn, an déi gréisste Grossisten zu Lëtzebuerg hätten och d'Méiglechkeet nach weider Impfstoffer ze kréien. Phaseweis goufen et awer wuel e puer Enkpäss.

Max Pletschette / cz

Impfen
Foto: Bigstock/ Aleksashka_

De Bäitrag vum Max Pletschette lauschteren


Et wier schwiereg gewiescht fir Vaccinen ze kréien, seet den Alain de Bourcy, President vun der Apdikteschgewerkschaft.

D'Grossisten hätten deelweis misste Vaccinen aus Däitschland beschafen. Et wier souguer ee Vaccin akaaft ginn, dee virdrunn nach ni zu Lëtzebuerg benotz gi wier. "Dat war éischter Enn Oktober, ufanks November, an déi meescht Grippevaccinatiouncampagnë bei den Doktere fänken awer schonn dacks ufanks Oktober, Mëtt Oktober un. An de Firme wou d'Leit geimpft ginn, waren dee Moment e puer Enkpäss", sou den Apditker.

Deel vun der Verantwortung läit bei der WHO

Grënn dofir ginn der méi genannt. D'Weltgesondheetsorganisatioun hätt dëst Joer relativ spéit hir Recommandatioune fir den Impfstoff erausginn, seet de Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé.

Dat wier de Grond, firwat d'Pharmafirmen eréischt méi spéit ugefaangen hätte mat produzéieren, "a wann déi méi spéit ufänken ze produzéieren, wësse se och méi spéit am Laf vum Joer, wéi vill Quantitéit vu Vaccin se wierklech produzéieren. Well dat ass ee biologesche Prozess, an do weess een ni ob alles riicht leeft, bis een eben déi ganz Produktioun gemaach huet."

"Jiddweree gouf geimpft, deen huet misste geimpft ginn"

Donieft géife Pharmafirmen, Grossisten an Apdikter ënner sech Engagementer treffen. D'Direktioun vun der Santé hätt net direkt mam fräie Marché ze dinn, do géifen déi dräi Acteuren d'Kontrakter an d'Präisser selwer aushandelen.

Mee och wann et mat Momenter Enkpäss ginn hätt, hätt kënne jiddweree geimpft ginn, deen huet misse geimpft ginn, sou den Alain de Bourcy.

"Also elo Mëtt November, ufanks Dezember hin ass kee Mënsch, wou sollt hätt misste geimpft ginn, wou kee Vaccin krut dëst Joer zu Lëtzebuerg. Do sinn ech relativ formell."

Méi zum Thema

Impfen
Gesondheet

Aktuell gëtt et aacht Fäll vu Riedelen zu Lëtzebuerg, seet d'Direktioun vun der Santé. Et wier ze fréi déi Chifferen als Urgence ze deiten, seet den Direkter Jean-Claude Schmit.

Kichegespréicher 3
Chamberwahlen 2018

An de Kichegespréicher stelle sech jonk Kandidatinnen a Kandidaten an engem relaxe Kader de Froe vu jonke Wielerinnen a Wieler. An der drëtter a leschter Episod geet et ëm Mobilitéit a Gesondheet.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen