LSAP a Fraen Image-Schued

"Et feelt an der LSAP een, deen d'Verantwortung hëlt fir den Image vun der Partei", seet de Sammy Wagner. Den LSAP-Member a fréiere President vun de Jongsozialiste kritiséiert déi ëmstridde LSAP-Campagne "Madame on tour", mat där fir méi Fraen an der Politik mobiliséiert gëtt. D'Symbol vun der Campagne ass eng rosa Posch. Géint esou Stereotyppen hätte sech vill Fraen intern jorelaang gewiert.

Mick Entringer / ys

Sammy Wagner
Sammy Wagner

"Et gefält eis net, datt mir hu missen an d’Ëffentlechkeet goen. Déi Campagne hätt fir vill Opreegung gesuergt. Och bei Fraen, déi an der Vergaangenheet bannent der LSAP an an der Gesellschaft probéiert hätten, Villes a Bewegung ze setzen. Déi Leit wären enttäuscht, seet de Sammy Wagner. An engem oppene Bréif schreiwe 7 LSAP-Memberen, déi Campagne géing op Käschte vun der Kredibilitéit vun der Partei goen.

Depasséiert Stereotyppen

Maartwirtschaftleche Prinzipien no géing mat Stereotyppe fir Opmierksamkeet gesuergt ginn, ouni awer déi Stereotyppen a Fro ze stellen, kritiséiert de Sammy Wagner. Joerzéngtelaang hätte sech Fraen an der Partei dogéint gestallt, datt Fraen op eng Posch an en Decolleté reduzéiert géife ginn.

Et misst ee sech d'Fro stellen, ob et insgesamt eng Strategie an der LSAP, fir den Image vun der Partei géif ginn. Hien hätt d'Gefill, datt un der Parteispëtzt kee sech d'Fro géing stellen, wéi sech eng progressiv Partei am 21. Joerhonnert no bausse soll duerstellen. Grad bei esou Kärthemen, wéi de Rechter vun der Fra a bei politescher Partizipatioun, wär dat wichteg. D'LSAP misst sech bewosst sinn, wat fir ee Bild si no bausse wëll ginn.

Eng partizipativ Parteikultur

Dem Sammy Wagner no misst ee generell an de Parteien d'Rahmebedingungen dofir schafen, datt sech méi Fraen an och méi Jonker mobiliséieren. Et géing och net duer goen, fir dofir mat engem Bus duerch d'Land ze fueren. Et misst ee generell d'Rahmebedingungen a Fro stellen, wéi een hautdesdaags Politik mécht, fënnt de LSAP-Member. D'Partei sollt Fraen a Jonker intern opbauen an no bausse Plattforme schafen, fir hir Iddien a Projeten. Grad och Fraen hätte keng Zäit, fir sech op Dëppefester bekannt ze maachen.

Datt an der Parteispëtzt net méi Frae present sinn, huet dem Sammy Wagner no mat de Parteigremien ze dinn. Un der Spëtzt géingen d'Fraen net d'selwecht wéi d’Männer mat agebonne ginn.


Reaktioun Cécile Hemmen

Virum Gespréich mam Sammy Wagner hat d'Cécile Hemmen dem radio 100,7 eng Reaktioun op de Bréif vun deene sechs LSAP-Membere ginn:

C. Hemmen iwwer "Madame on tour"

D'LSAP-Deputéiert erkläert a verdeedegt d'Campagne "Madame on tour", déi si als Presidentin vum LSAP-Bezierkscomité ausgeschafft huet.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Janine Reuland-1000525.JPG
Gläichberechtegung

An engem internationale Ranking iwwer d’Gläichstellung tëscht Männer a Fraen ass Lëtzebuerg zwou Plazen no hanne gerëscht. Dat iwwerrascht d’Presidentin vum nationale Fraerot Janine Reuland.

Massard Raskin Fonck.JPG
Fraen a Politik a Wirtschaft

Datt Fraen a Politik a Wirtschaft manner present si wéi Männer, läit och u festgefuerene Mentalitéiten – bei Männer a Fraen. Dat soten d'Invitéeën a "Riicht Eraus". Et gouf awer och Kritik un der Politik.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen