Ian Goldin: Immigratioun ass gutt fir d'Wirtschaft

“Europa brauch méi Immigranten”, seet de Professer Ian Goldin vun der Oxford-Universitéit. De fréiere Vizepresident vun der Weltbank huet op der Konferenz “Doers and Thinkers” vun der BGL BNP Paribas iwwert d’Virdeeler an d’Käschte vun der Immigratioun geschwat. Mee d'Rechnung géing nëmmen opgoen, wann d’Politik de richtege Kader setzt.

20150929-ian goldin- De Professer vun der Uni Oxford Ian Goldin (©BGL BNP Paribas)

Den Ian Goldin ass selwer e Kand vu Flüchtlingen. Seng Elteren si virun den Nazie geflücht. Seng Mamm ass aus Éisterräich fortgelaf a säi Papp aus Osteuropa. De gebiertege Südafrikaner huet an iwwer 90 Länner gelieft a geschafft. Tëscht 2003 an 2006 war hie Vizepresident vun der Weltbank.

"Op d'Wirtschaft amplaz op d'Populiste lauschteren"

Haut leet den Ian Goldin op der Universitéit Oxford e Grupp vun 300 Chercheuren, déi iwwer d’Erausfuerderungen am 21. Joerhonnert fuerschen. Dozou gehéiert d’Immigratioun, sou de Professer Goldin. A Groussbritannien, senger aktueller Heemecht, spiert hien sech wuel. Mee mat der konservativer Regierung vum Premier David Cameron ass hien net zefridden. D'Regierung géif op Populiste lauschtere amplaz op d’Stëmmen aus der Wirtschaft: “D’Patrone vun de Betriber an och soss vill Leit soten, datt méi Awanderer gebraucht ginn.”

Den Ian Goldin huet Periode vu grousse Migratiounswellen analyséiert. Seng Recherche géif weisen, dass Immigratioun d’Lokomotiv vun enger dynamescher Economie ass. Dat och well Auslänner dacks méi risikofreedeg wieren, wéi déi lokal Populatioun. Silicon Valley wier dofir e gutt Beispill. D’Grënner vu Google, Intel, Paypal, E-Bay a Yahoo sinn Auslänner. An deem Sënn géife Friemer dacks zousätzlech Aarbechtsplaze schafen.

Drock um Aarbechtsmarché

Zousätzlech Aarbechtskräfte géifen och derfir suergen, datt eng Economie méi produktiv ass, argumentéiert de Professer Goldin. Schlecht qualifizéiert Auslänner géifen Aarbechten iwwerhuelen, déi di lokal Populatioun net méi wéilte maachen. Dat géif natierlech och d'Konkurrenz ëm déi Plazen erhéichen. Mee d'Auslänner géifen méi gënschteg Leeschtungen ubidden, wéi zum Beispill am Stot hëllefen a Kanner versuergen. Doduerch kéinten déi besser qualifizéiert Leit méi produktiv sinn. De Professer Ian Goldin gëtt och zou, datt kuerzfristeg en Drock op déi niddreg Léin entsteet, laangfristeg géifen déi awer nees ropgoen.

Et wier un der Politik ze garantéieren, datt Awanderer déi nämmlecht Rechter a Flichten hunn wéi déi aner Bierger. Amplaz sech also vu populistesche Stëmme fänken ze loossen, misst d’Regierung hir Verantwortung iwwerhuelen, fuerdert den Ian Goldin. Wann also vill Immigranten sech anzwousch néier loossen, da misst déi Géigend ënnerstëtzt ginn, net just finanziell mee och fir der lokaler Populatioun d’Angscht ze huelen.

Lëtzebuerg profitéiert vun der Globaliséierung

A sengen Aussoe léisst de Professer Goldin gesellschaftlech Froen op der Säit a berifft sech léiwer op economesch Argumenter fir d’Avantagë vun der Immigratioun ze verdeedegen: “A Stied mat villen Awanderer, sinn d’Salaire méi héich wéi an deene Stied, wou net vill Auslänner liewen. Dat well d’Migranten do hi gi, wou Aarbechtsplaze sinn. Gutt Beispiller sinn New York, London oder nach Toronto, wou et 52 Prozent Auslänner ginn. Lëtzebuerg ass och e gutt Beispill. D’Land huet dat zweet-héchst Akommes pro Kapp a weltwäit och deen héchsten Taux vun Auslänner.”

Gläichzäiteg sinn déi méi aarm Länner déi grouss Verléierer, wann hir bescht Leit vun der Mobilitéit an der globaliséierter Welt profitéieren. Dat gëtt de Professer Goldin zou. Op der anerer Säit géifen et och hei positiv Aspekter: “D’Suen, déi d’Auslänner Heem schécken, sinn eng ganz wichteg Akommesquell fir d’Heemechtslänner. Dee Montant entsprécht dem véierfache vun der Entwécklungshëllef.”

Audio:

Den Dossier vum Christian Welter:

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen