Atomkraaft "Martin Schulz oppe fir Tihange 2 zouzemaachen"
Um Dënschdeg haten 80 däitsch, hollännesch a Lëtzebuerger Gemenge mam EU-Parlamentspresident eng Entrevue iwwer Tihange 2. D'Resultat dovun ass éischter positiv, mee eng Rei Gemenge wëlle méi wäit goen. Den Henri Kox, gréngen Députéierten a Réimecher Buergermeeschter, war dobäi.
"Mir sinn net aus ekologeschen oder ideologesche Grënn géint d’Atomenergie, mee aus wirtschaftleche Grënn", seet de gréngen Deputéierten an Réimecher Buergermeeschter Henri Kox. Um Dënschdeg hate Vertrieder vun iwwer 80 Gemengen aus Däitschland, Holland a Lëtzebuerg eng Entrevue mam Martin Schulz, dem President vum Europaparlament. D'Gemenge wiere sech dergéint, datt de belsche Reakter Tihange 2 nees a Betrib geholl gëtt.
Den Henri Kox war zu Bréissel de Spriecher vun de 34 Lëtzebuerger Gemengen déi matmaachen. De Martin Schulz huet sech an där Entrevue "oppen derfir ausgeschwat fir Tihange 2 zouzemaachen", sou den Henri Kox. Hien huet versprach, datt hien de Froekatalog an d'Bedenken vun de Gemengen un d’EU-Kommissioun weidergëtt. An hie sot och, datt dee Sujet an den zoustännege Kommissiounen (Wirtschaft an Ëmwelt) vum EU-Parlament géing thematiséiert ginn.
Eng Plainte an ee Recours
D'Gemenge Wolz, Oochen a Maastricht hunn eng zivil Plainte geplangt géint d’Atomzentral Tihange 2. Dëst soll gemaach ginn, wëll et Mikrorëss an der Struktur vun der Atomzentral ginn. "Et geet drëms, datt de Vorsorgeprinzip net agehal gëtt", sou den Henri Kox. Woltz läit ronn 70 Kilomter vun Tihange ewech. Bei der Entrevue mam Martin Schulz war och een däitsche Sécherheetsberoder present. "Deen huet kloer gesot, datt Tihange, no däitsche Sécherheetsnormen, nimools hätt dierfte weiderlafen", sou den Henri Kox.
D’Regioun Oochen huet parallel ee Recours beim belsche Staatsrot agereecht, géint d’Decisioun vun der belscher Agence fédérale de contrôle nucléaire, fir Tihange erëm un d'Netz unzeschléissen. An hirer Plainte baséiert sech d’Regioun Oochen op europäesch Traitéen déi bestëmmen, datt eng Transparenz a Punkto Sécherheet néideg ass.
Politeschen Drock op belsch Sécherheetsagence
Am Wanter war eng Delegatioun vun der Lëtzebuerger Chamber zesumme mam Staatssekretär fir Ëmwelt, Camille Gira, zu Bréissel, fir ee Gespréich mat, ënnert anerem, dem Innen- a Sécherheetsminister Jan Jambon an dem Chef vun der belscher federaler Sécherheetsagence. Op d’Fro ob hien haut d’Atomzentral vun Tihange nach eng Kéier géing un d'Netz loossen, hätt hien mat "Nee" geäntwert.
"Do stellt sech d’Fro firwat dee selwechten Expert deen ale marode Reakter erëm wëllt uschléissen", sou den Henri Kox. Senger Meenung no wier déi Entscheedung op politeschen Drock zréckzeféieren.
Och Plainte géint Cattenom geplangt
Eng ähnlech Plainte um zivile Niveau, ewéi am Fall Tihange 2, gëtt vun enger Rei Gemenge géint d’Atomzentral vu Cattenom geplangt, esou den Henri Kox. Dëse Freideg ass eng Telefonskonferenz fir esou eng Aktioun ze lancéieren.
Déi franséisch Affekotin Corinne Lepage, huet op Ufro vun der Schwäizer Stad Genf, eng Plainte géint de Reakter vu Bugey bei Lyon agereecht. Déi Plainte ass elo vun engem franséische Geriicht als recevabel erkläert ginn. An där Telefonskonferenz ee Freideg gëtt analyséiert ob een d’Plainte vu Genf géint Bugey als Basis kann huele fir am Fall vu Cattenom juristesch virzegoen.